Krich am Noen Osten, Koalitioun an neie Radar

De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.
Gewalteskalatioun am Noen Osten
Zënter leschtem Samschdeg stinn d’Zeechen tëscht Israel an der Hamas rëm op Krich. Ëmmer rëm koum et tëscht Israeelien a Palestinenser zu Gewalteskalatiounen. Ma elo schwätzt ee rëm vun engem Krich, well et zënter Joerzéngten net méi zu esouvill Haass a brutaler Gewalt koum. Et goufen Honnerten Zivilisten ëmbruecht a weider Leit entfouert a verschleeft vun der Hamas.
Messerattack a Schoul
An engem franséische Lycée an der Stad Arras ass et e Freideg zu enger Messerattack komm. Een Enseignant ass dobäi ëm d'Liewe komm. Dräi Persoune goufe blesséiert, ënnert hinnen ee weideren Enseignant, dee schwéier blesséiert ass, eng Persoun vum Sécherheetspersonal, déi a Liewensgefor schwieft, an e weidere Mataarbechter vun der Schoul, esou franséisch Medien.
Lëtzebuerg huet gewielt
E Sonndeg ware Chamberwalen an d’Zäit vu Gambia ass definitiv eriwwer. Déi Gréng hu 5 Sëtz verluer. D’ADR huet Stëmme gesammelt a gëtt véiertstäerkste politesch Kraaft. D’CSV an d’DP dogéint befanne sech aktuell a Koalitiounsgespréicher, fir eng nei Regierung ze bilden. De Luc Frieden gouf da Formateur ernannt a gëtt mat grousser Warscheinlechkeet neie Premierminister.
Keng Loscht op Walen?
Eng 36.000 Leit waren net wielen. Dobäi kommen dann nach eng Kéier bal 18.000 Walziedelen, déi wäiss oder ongülteg waren.
9 Mol hannertenee gewielt
Den LSAP-Politiker Jean Asselborn hat mat bal 33.400 Stëmmen dat bescht Resultat am Süden. Zanter 2004 ass hie Lëtzebuerger Ausseminister, mä dee Poste riskéiert de 74 Joer ale Sozialist geschwë mussen opzeginn.
Neit Äerdbiewen
Am Weste vum Afghanistan gouf et an der Nuecht op e Mëttwoch schonn nees en Äerdbiewe matzen an der Regioun, wou en anert Biewe virun annerhallwer Woch iwwer 2.000 Doudesaffer gefuerdert hat.
Heliport op Äis
De Proprietär vum Ischpelter Schlass wollt fir seng Clienten eng Landeplaz fir Helikoptere bauen. Vum fréiere Buergermeeschter Emile Eicher krut hien och eng Autorisatioun. Dës gouf awer elo vum neie Buergermeeschter revoquéiert. Sou dass dëse Projet aktuell op Äis läit.
Bremsen oder Laachen
Opgepasst de fixe Radar an der Entrée vum Tunnel Micheville gëtt e Méindeg schaarf gestallt. Hei ass 70 erlaabt. Sidd der méi séier ënnerwee, da gëtt et Post.
Remis fir d'Rout Léiwen
An der EM-Qualifikatioun am Futtball huet d'Lëtzebuerger Härennationalekipp e Freideg an Island 1:1 gespillt.
Nicool
Nom Album "Den Ufank vum N" presentéiert déi 28 Joer jonk Rapperin e Samschdeg den Owend hir nei EP "N vun der Welt". Behandelt gi verschidden Thematiken, déi si am Alldag beschäftegen. D'Musekerin war e Samschdeg am No Art on Air a méindes op Besuch um Radio an der Emissioun "Am Takt".