D'Woch op RTLAmokalarm am Réidener Lycée a katastrophale Sondage fir d'Piraten

Kevin Kayser
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.

Amokalarm am Réidener Lycée

Eng Schülerin hat eng verdächteg an arméiert Persoun gesinn an dowéinst den Amokalarm ausgeléist. No engem gréissere Policeasaz, an deem d’Gebai duerchsicht an näischt fonnt gouf, gouf den Alarm nees opgehuewen.

Schoulsécherheet bleift Thema

Dat sot den Ombudsman fir d’Rechter vu Jonken a Kanner als Reaktioun op den Tëschefall am Réidener Lycée. Weider huet de Charel Schmit d’Eltere vun de betraffene Kanner opgefuerdert, sech déi nächsten Deeg vill Zäit fir si ze huelen.

Pirate schéisse sech selwer of

Parteiintern Streidereie si schonn net ideal. Wann ee se dann och nach op der Place public gemaach ginn, verschreckt ee ganz séier seng Wieler. Esou ass et an eiser Sonndesfro der Piratepartei gaangen, déi duerch d’Gestreits tëscht den Deputéierte Clement a Goergen net just Kredibilitéit ma och ganz vill Zoustëmmung verluer huet.

Grujeleg Decouverte

An engem Haus zu Bartreng, dat net bewunnt ass, hunn Aarbechter Schanken an eng Tut mat dräi Schädele fonnt. Elo ass den LNS domadder beoptraagt, fir den Alter vun dëser Decouverte ze definéieren.

Këschteweis Kiischtekären

Eng weider Decouverte hei am Land war zwar net vu grujeleger Natur, mä wërft bal genau esou vill Froen op. Zu Mamer hunn nämlech Archeologe Këschteweis Kiischtekäre fonnt, déi wuel schonn 2.000 Joer do leien.

Gehéiert de Gerson Rodrigues an d’Nationalekipp?

Déi Fro huet d’Annick Goerens an hirem Commentaire gestallt. A vill vun Iech deelen d’Meenung vun der Journalisten: Nee. E schlecht Virbild fir Jonker soll net säi Land dierfte Vertrieden.

No Pizza a Sushi kënnt Kebab

Mir wollte vun eise User wëssen, wou et dee beschte Kebab am Land gëtt. De Gewënner fannt Der zu Iechternach, d’Plaz Zwee geet un en Etablissement zu Rëmeleng a fir d’Plaz Dräi geet et op Esch. Déi ganz Topp 20 fannt der an eisem Artikel.

Grenzkontrollen am Schengeraum?

No den Däitschen Noperen huet Frankräich och elo annoncéiert, datt ee vum 1. November un nees Grenzkontrolle wéilt aféieren, dat zum Leed vu wuel ville Frontalieren. De Lëtzebuerger Premier Luc Frieden huet awer scho bei Scholz a Macron dowéinst intervenéiert.

Vum Balcon gefall

De fréiere Member vun der Band “One Direction” Liam Payne ass dout. Den 31 Joer ale Museker ass zu Buenos Aires vum Balcon vu sengem Hotelszëmmer aus dem drëtte Stack gefall. Dëst sollt de Mann net iwwerliewen.

De Wocheréckbléck vum 20. Oktober 2024
Déi Noriichten, déi Dir dës Woch net sollt verpasst hunn.

Back to Top
CIM LOGO