
Héich komplizéierten Asaz
Bei engem Groussbrand an engem Héichhaus zu Léck huet d’Lëtzebuerger Air Rescue Persounen, déi net méi aus dem Gebai koumen vun hire Balcone gerett. Eng Persoun sollt de Brand awer net iwwerliewen
Bus blockéiert Tram
E Méindeg de Moien hate sech d’Bremse vun engem Bus geléist. D’Gefier hat Pottoen a Beem ëmgerappt esou wéi d’Tramsschinnen an de Boulevard Kennedy blockéiert. Et koum zu gréissere Problemer am Trafic.
Just nei ageheie geet net duer
Wann äre Parkticket ofgelaf ass, musst der Ären Auto och ëmstellen. Just en neie Parkticket kafe geet net duer an et kéint een awer eng Strof vu 24 Euro ze bezuele kréien.
Trounwiessel annoncéiert sech
De Grand-Duc huet sengem Bouf an Ierfgroussherzog Guillaume op Nationalfeierdag den Titel vum Lieutenant Représentant ginn. Domadder huet de Groussherzog Henri mat de Preparatioune fir seng Relève ugefaangen.
Olympesch Flam zu Lëtzebuerg
Ronn ee Mount virum Optakt vun den olympesche Spiller zu Paräis huet déi Olympesch Flam Lëtzebuerg eréischt eng zweete Kéier an der Geschicht passéiert. D’Flam hat am Dräilännereck Apack, Pärel a Schengen kuerz de Wee an Däitschland an an de Grand-Duché fonnt.
Grénge Wiessel an der Chamber
De François Bausch huet säi Récktrëtt aus der Chamber annoncéiert. De fréiere Minister geet an déi politesch Pensioun a mécht um Krautmaart d’Plaz fir déi jonk Co-Parteicheffin vun de Grénge Djuna Bernard.
Iwwerall Fluchverspéidung
Wéinst schwéiere Wiederen en Donneschdeg koum et iwwerall an Europa zu Verspéidungen am Fluchverkéier. Och wa mer zu Lëtzebuerg bloen Himmel haten, si verschidde Flich hei net oder mat Verspéidung ukomm.
Mat Vollgas duerch d’Duerf
130 Kilometer an der Stonn duerch d’Dierfer krut e Motorradsfuerer drop, dee probéiert hat, virun der Police ze flüchten. Nodeem de Mann du gefall ass, konnten d’Beamten hie stellen.
Mënscheschmuggler um Kierchbierg
Déi brittesch Chaîne BBC konnt d’Spuer vun engem Mënscheschmuggler bis op Lëtzebuerg verfollegen. De Mann soll fir Doud vu verschiddene Leit am Äermelkanal responsabel sinn. BBC huet déi brittesch a franséisch Autoritéiten informéiert.
Kiloen un Droge bei sech
E Lëtzebuerger Resident gouf an Däitschland bei enger Grenzkontroll mat kiloweis Drogen an engem gefälschte Permis erwëscht. De Mann koum virun den Untersuchungsriichter op Tréier.