D'Woch op RTLDetournement bei der Caritas, Opreegung iwwer Petitioun an Olympesch Spiller

RTL Lëtzebuerg
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.
© RTL-Grafik

Detournement vu Sue bei der Caritas

Fir grouss Opreegung huet dës Woch e Fall vu massivem Detournement bei der Caritas gesuergt. Op d’mannst eng Mataarbechterin steet am Verdacht, iwwer 60 Milliounen Euro verschwanne gedoen ze hunn. Dem Direkter un der Hëllefsorganisatioun Marc Crochet war opgefall, dass eppes net géif stëmmen. Hien hat Plainte gemaach a schwätzt vun engem grousse Verbriechen. Kuerz nodeems d’Plainte deposéiert gouf, hat eng Persoun sech den Autoritéite gestallt.
Vun der Regierung huet et an enger éischter Reaktioun geheescht, datt d’Hëllefsorganisatioun bis op Weideres keng Sue vum Staat méi wäert kréien. Dat well d’Vertrauen an déi aktuell Struktur net gi wier. Vu Säite vum OGBL war et iwwerdeems d’Revendicatioun, dass d’Mataarbechter vun der ONG net Affer vum Finanzskandal dierfte ginn.

Olympesch Spiller zu Paräis

13. Lëtzebuerger Athleten an Athletinne si bei dem Olympesche Spiller zu Paräis am Asaz. Op RTL.lu fannt Dir ee Liveticker mat den neisten Entwécklungen. Eng RTL-Ekipp liwwert Iech och all Owend Ablécker aus dem Lëtzebuerger Haus an Interviewe mat den Athleten a Responsabelen.

Petitioun géint LGBTIQ+-Themen an der Schoul

Vill Reaktiounen aus der Zivilgesellschaft huet dann eng Petitioun no sech gezunn, déi bannent 3 Deeg de Seuil vun de 4.500 Stëmmen depasséiert huet. An dëser gëtt verlaangt, dass LGBT-Themen aus de Stonnepläng vu mannerjärege Schüler verschwannen. Esou e Verbuet wier eng kloer Zensur, heescht et an engem oppene Bréif vu Rosa Lëtzebuerg a 16 anere Signatairen.

Affer vu Spoofing ginn

Et ass bal net ze gleewen, an awer ass dës Geschicht wuel keen Eenzelfall. Beim Spoofing benotze Krimineller Lëtzebuerger Telefonsnummeren, fir sech als Bank oder Luxtrust auszeginn. Mir hu mat engem Affer geschwat, dat esou 30.000 Euro geklaut krut.

Piratepartei muss finanziell Dokumenter virleeën

Nodeems d’Piraten-Deputéiert Sven Clement a Marc Goergen op der Place publique devoiléiert haten, wie wéi eng Ausgaben hat a wat iwwer d’Kreditkaarte vun der politescher Sensibilitéit verbucht gouf, ass et lo de Büro vun der Chamber, dee sech aschalt a finanziell Opklärung verlaangt.
Sou gouf decidéiert, datt d’Pirate Kopië vun alle finanziellen Dokumenter vun der leschter an dëser Legislaturperiod musse virleeën. Dëst betrëfft also déi lescht 6 Joer. D’Chamber reecht dës Piècen dann un d’Cour des Comptes fir eng Konformitéitskontroll iwwert d’Pirate-Konte weider.

De Summermagazin aus Gäert vu private Leit

Dës Woch war d’RTL-Magazin-Ekipp an de 4 Regioune vum Land ënnerwee, méi genau a véier verschidde Gäert aus all Regioun. Dir fannt déi flott Emissiounen ënnert fräiem Himmel a mat jeeweils flotten Invitéen elo am Replay op RTL Play.

Liewen an net just Iwwerliewen

An eiser Serie “Op der anerer Säit vun der Grenz”, ware mer dës Woch bei der Myriam Bausch, déi an Däitschland wunnt, an do als Caissière an engem Supermarché schafft. Firwat si sech net virstelle kann, nach eng Kéier op Lëtzebuerg ze kommen, kënnt Dir hei liesen.

Back to Top
CIM LOGO