D'Woch op RTLSchwéiert Héichwaasser an Däitschland, Europawalen a falsch Krankeschäiner

Kevin Kayser
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.

“Et steet Ausso géint Ausso”

Dëst héiert een éischter vun der Police oder vun engem Riichter. Manner dacks awer vun enger Ministesch, wann dës de Sträit tëscht zwou Parteie resuméiert. Passéiert ass dëst awer dës Woch, wéi d’Yuriko Backes an der Chamberkommissioun zu de Streidereie an de soziale Medien tëscht dem nationale Wiederdéngscht “MeteoLux” an der online Wiedersäit “Meteo Boulaide” befrot gouf.

You shall not pass

Keen Areese gouf et fir de Lëtzebuerger Benoit Martiny a seng Band a Groussbritannien. Well si kee speziellen Aarbechtsvisa fir d’Insel haten, konnte si och hir geplangte Concerten am Land net spillen. Domadder war d’Tour fir si eriwwer, éier se richteg ugefaangen huet.

Situatioun war laang kritesch

D’Héichwaasser hat de Süde vun Däitschland fest am Grëff an huet och seng Affer gefuerdert. Datt doduerch nach dräi Dämm gebrach sinn, huet d’Situatioun fir déi scho schwéier getraffe Regiounen net verbessert. Ënnert de Doudesaffer sinn och Pompjeeën, déi bei hirem Versuch, aner Leit ze retten, ëm d’Liewe komm sinn.

Europa wielt

E Sonndeg ginn d’Lëtzebuerger, nodeem aner Länner et scho gemaach hunn, hir Stëmm fir d’Europawalen of. Bleift um aktuellste Stand mat eisem Liveticker an eisem Dossier zu den Europawalen.

Wéi gutt ass Äre Salaire zu Lëtzebuerg?

Déi Fro hu sech d’Kolleege vum RTL Infos gestallt an och e Rechner gebaut, mat deem een dat ausrechne kann. Als Räich gëllt een iwwregens, wann een op d’mannst 7.490 Netto de Mount verdéngt.

Trotz Verurteelung am Amt bleiwen

Den 1. Schäffe vun der Gemeng Esch an Affekot Pim Knaff bleift och no senger Verurteelung wéinst “Fraude fiscale aggravée” op sengem Posten zu Esch. Wärend seng Partei an d’Koalitiounspartner dem DP-Politiker de Réck stäipen, gëtt et schwéier Kritik vun der Oppositioun.

Vill schwéier Accidenter

Tëscht dem Fridhaff a Closdellt hat eng 26 Joer jonk Fra hiren Autosaccident e Mëttwoch net iwwerlieft. Uerg blesséiert gouf donieft e Motocyclist, deen en Donneschdeg tëscht Déiljen a Wallenduerf bei engem “mëssgléckten Iwwerhuelmanöver”, wéi d’Police schreift, mat engem Auto kollidéiert ass. Weider hat de CGDIS e Méindeg nach véier Accidenter matgedeelt, bei deene véier Leit blesséiert goufen.

CNS warnt viru falsche Krankeschäiner

Rezent krut d’CNS falsch Krankeschäiner aus dem Ausland, eng 60 goufe bis ewell identifizéiert. D’Gesondheetskeess warnt, datt op dëser Fraude eng Geldstrof steet an een och de Patron doriwwer informéiert gëtt.

Zwee Frëndschaftsmatcher géint Topp-Ekippen

Kuerz virun der EM mussen d’Ekippen, déi dobäi sinn, sech fannen an aspillen. Eis Nopere Frankräich a Belsch maachen dëst géint d’Rout Léiwen. Wärend et an engem onspektakuläre Match géint d’Grande Nation eng 0:3-Néierlag zu Metz gouf, hu sech déi Rout Däiwelen zu Bréissel mam selwechte Resultat géint d’Rout Léiwen duerchgesat.

Noosten Top Restaurant zu Paräis

De brittesche Restaurant Magazin publizéiert all Joer d’Top 50 Restauranten op der Welt. Op der Plaz 3 lant ee vun den nooste Restaurante fir d’Leit aus dem Grand-Duché, den Table by Bruno Verjus zu Paräis. Besser si just zwee spuenesch Restauranten: den Asador Etxebarri zu Atxondo op der 2 an den Disfrutar zu Barcelona op der 1.

Back to Top
CIM LOGO