
D’Emily Byrne, eng FBI-Agentin, ass op der Juegd no engem Serie-Killer zu Boston, wéi se spuerlos verschwënnt.
Nodeems ee jorelaang no hir gesicht huet, léist hire Mann, och en FBI-Agent, se fir dout erklären a bestit sech nei.
Sechs Joer méi spéit fënnt d’Police d’Emily, mäe si erënnert sech net méi, wie si all déi Zäit gefaange gehalen huet, nëmmenn dass si an engem Waassertank agespaart war.
D’Stana Katic ass duerch “Castle” bekannt ginn a spillt hei eng Fra, déi traumatiséiert ass vun deem, wat hir ugedoen ginn ass an d’Konsequenzen, déi dat fir hir Famill hat, mä sech net gëtt, no de Leit ze sichen, déi responsabel duerfir sinn, esouguer, wéi si selwer op emol verdächtegt gëtt, e Mäerder ze sinn.
Deels Psycho-Thriller, deels Action-Show, bréngt „Absentia“ et fäerdeg, eng düster Atmosphär ze entwéckelen, wou Kampfzeenen an emotional Dialogen zou enger origineller an komplexer Geschicht ginn.
D’Serie selwer ass eng amerikanesch Produktioun, déi awer zum gréissten Deel a Bulgarien gedréit ginn ass.
Déi zwou éischt Staffelen sinn disponibel op Amazon Prime, eng Drëtt soll deemnächst kommen.
Deel 1: Most Beautiful Thing op Netflix
Deel 2: Gran Hotel op NetflixDeel 3: Outlander op Netflix
Deel 4: Spinning Out op Netflix
Deel 5: Home for Christmas op Netflix
Deel 1: The Alienist op NetflixDeel 2: Las Chicas del Cable op NetflixDeel 3: Mad Men op NetflixDeel 4: Brigada Costa del Sol op Netflix
Deel 5: The Americans op Netflix an Amazon
Deel 1: Supernatural op AmazonDeel 2: The good Wife op AmazonDeel 3: Shameless op AmazonDeel 4: House M.D. op AmazonDeel 5: Star Trek: The Next Generation op Netflix
Deel 1: Südafrika: Queen Sono op NetflixDeel 2: Tierkei: The Protector op NetflixDeel 3: Israel: Beauty and the Baker op AmazonDeel 4: Indien: Made in Heaven op AmazonDeel 5: Korea: Vagabond op Netflix