Pied diabétique - méiglech Folleg vun der Zockerkrankheet

© AFP
An der 30. Episode vun eiser Serie iwwer d'Gesondheetskeess geet et ëm de Pied diabétique.
Dat ass eng méiglech Folleg vun der Zockerkrankheet: De Fouss vum Patient ass an deem Fall vill manner empfindlech fir Wéi. Dat kann dozou féieren, dass Blessuren ze spéit erkannt ginn, de Fouss sech entzünt an am schlëmmste Fall muss amputéiert ginn. Fir dass et net esou wäit kënnt, brauche concernéiert Leit e spezielle Schong.
Wann d'Krankheet nach net wäit evoluéiert ass, kann och eng Einlag duergoen. All Assuré bei der Gesondheetskeess, huet e Recht op dës Prestatioun. Et gëtt awer ee festgeluechten Oflaf, deen de Gaston Fischer, Assistant Projets bei der CNS, erkläert.
De Gaston Fischer:Wann den Dokter d'Krankheet bei engem Assuré feststellt, da mécht hien eng Verschreiwung fir Schong, Einlagen oder déi zwee – jee nom Zoustand vum Fouss. An engem spezielle Formulaire muss den Dokter den Zoustand vum Fouss dokumentéieren. E Spezialist, zum Beispill en Orthopäd, préift dann dëse Protokoll. An e mécht och en Ofdrock vum Fouss.
De Spezialist mécht dann och en Devis fir déi verschriwwe Prestatiounen. D'Demande gëtt beim CNS vun Doktere kontrolléiert. An eréischt duerno ginn d'Schong oder d'Einlage gemaach.
De Gaston Fischer: Bei der Liwwerung gëtt och nach eng Kéier eng Podographie an eng Ënnersichung vum Fouss gemaach. De Contrôle Médical préift dann, ob d'Leeschtung vum Schong deem entsprécht, wat verschriwwe gi war.
D'Gesondheetskeess iwwerhëlt de Gros vun de Käschte fir dësen individuelle Schong. Den Assuré leet awer 99 Euro an 32 Cent bäi.
De Gaston Fischer:Do kann nach ee Supplement dobäi kommen, wann de Prestataire eppes un der Optik vum Schong changéiere wëll. Dës Extraen däerfen awer net méi wéi 127 Euro an 13 Cent kaschten. A se ginn och net vun der Gesondheetskeess iwwerholl.
Schong hale jo net éiweg. Wéi dacks huet e Patient dann e Recht op dës Prestatioun?
De Gaston Fischer: Wann ee se fir d'éischt verschriwwe kritt, dann huet een zwee Puer Schong zegutt. Dat kënne Stroosse-Schong an och Schong fir am Haus sinn.
Duerno hänkt et da ganz spezifesch vun der Situatioun vum Patient of.
D'CNS-Serie am Iwwerbléck
Serie CNS (1. Deel) - D’Kompetenze vun der Gesondheetskeess.
Serie CNS (2. Deel) - Affiliatioun, Co-Assurance oder Assurance Volontaire.
Serie CNS (3. Deel) - Wéi eng Servicer gi fir Frontalieren ugebueden?
Serie CNS (4. Deel) - "Prestations en nature" vun der CNS.
Serie CNS (5. Deel) - Wat huet ee bei den Zänn zegutt? A wat net?
Serie CNS (6. Deel) - Wa mäi Kand elo eng Bréck brauch, kënnt d'CNS dofir op?
Serie CNS (7. Deel) - Wat huet ee beim Brëll ze gutt?
Serie CNS (8. Deel) - Wat kritt ee fir Kontaktlënsen zeréck?
Serie CNS (9. Deel) - UPDATE - Wéini brauch ech e Krankeschäin an däerf ech e briechen?
Serie CNS (10. Deel) - Wat däerf een a wat net, wann een am Krankeschäin ass?
Serie CNS (11. Deel) - Generiquë genee sou gutt wéi original Medikamenter?
Serie CNS (12. Deel) - Prestations en nature.
Serie CNS (13. Deel) - Wat kritt ee fir de Kiné rembourséiert a wat ännert 2017?
Serie CNS (14. Deel) - Wat muss ee fir den Transport an der Ambulanz bezuelen?
Serie CNS (15. Deel) - Zousätzlech Remboursementer vum 1. Januar un
Serie CNS (16. Deel) - Wat ass de Mat-Fëmmen-Ophal-Programm vun der CNS?
Serie CNS (17. Deel) - Konditiounen, fir sech am Ausland behandelen ze loossen.
Serie CNS (18. Deel) - Spezifescht Traitement am Ausland ... rembourséiert?
Serie CNS (19. Deel) - Wéi funktionéiert de System vum Tiers Payant Social?
Serie CNS (20. Deel) - Congé aus familiäre Grënn
Serie CNS (21. Deel) - Congé bei Stierfbegleedung, de sougenannte CAFC.
Serie CNS (22. Deel) - De Congé de Maternité zu Lëtzebuerg
Serie CNS (23. Deel) - Wat maachen, wann een am Ausland krank gëtt?
Serie CNS (24. Deel) - D'Impfprogrammer vun der CNS.
Serie CNS (25. Deel) - Wéini kritt een eppes fir eng Prothees erëm?
Serie CNS (26. Deel) - Wourop soll een als Student am Ausland oppassen?
Serie CNS (27. Deel) - Wéi eng Preventiounsprogrammer huet d'CNS den Ament lafen?
Serie CNS (28. Deel) - Wéini kann ech Medikamenter online bestellen?
Serie CNS (29. Deel) - Assurance Dependance: Wien huet Recht op dës Hëllefen?