Hörapparater fir Assuréën - ënner Konditiounen - gratis

Leit, déi net gutt gesinn, brauchen e Brëll. A wann een net gutt héiert, da kann en Hörapparat Gold wäert sinn.
Dëse klengen, mä am beschte Fall effektiven Apparat gehéiert zu de Prestatioune vun der Gesondheetskeess. An eiser 32. Editioun vun der Serie iwwer d' CNS gitt dir gewuer, wéi eng administrativ Demarchen et gëtt, wat esou en Hörapparat kascht. An wéini een dës Prestatioun iwwerhaapt zegutt huet.
All Assuré bei der CNS huet en Hörapparat zegutt, wann en da verschidde medezinesch Konditiounen erfëllt. De Gaston Fischer, Assistant Projets bei der Gesondheetskeess: E Patient muss mindestens 30 Dezibel op zwou Frequenze méi schlecht héieren, ewéi normal. Oder de Prozentsaz vum Verständnis vun enger Konversatioun bei 65 Dezibel muss ëm wéinstens 20 Prozent erofgoen, wann nach aner Geräischer vu 60 Dezibel dobäikommen.
Fir dass en Apparat och wierklech Sënn mécht, muss en d'Gehéier ëm wéinstens zéng Dezibel verbesseren. Obligatoresch ass iwwerdeems eng Proufzäit, an der de Patient säin Hörapparat op mannst véier Stonnen den Dag un huet. Esou gëtt gekuckt, op déi concernéiert Persoun mam Apparat eens gëtt, oder net.
Ier een dës Prestatioun awer an Usproch huele kann, brauch een natierlech eng Ordonnance vum Dokter.
Duerno brauch den Assuré e Bon de prise en charge vum Service Audiophonologique op deem de Forfait uginn ass, deen d’Gesondheetskees iwwerhëlt. Mat deem Bon de prise en charge kann den Assuré seng Hörapparater bei e konventionéierte Vendeur eraussiche goen.
De Vendeur schéckt duerno en Devis un de Service Audiophonologique, deen dann di ausgesichten Apparater kontrolléiert an en Avis un d’Gesondheetskees schéckt. Nodeems den Dokter an d’Gesondheetskees dësen Avis validéiert hunn, gëtt den ofgemaachte Forfait iwwer de System vum Tiers Payant direkt vun der Gesondheetskees un de Vendeur ausbezuelt.
Normal Hörapparater kaschten 800 bis 2500 Euro. Wann den Assuré Apparaten zum Präis vum Forfait eraussicht, ginn dës zu 100% vun der Gesondheetskees iwwerholl. Wann en awer méi deier Apparater keeft, muss en den Iwwerschoss selwer bezuelen. Déi néideg Upass-Séancen an engem speziell dofir ageriichte Raum sinn am Präis vun den Hörapparater abegraff. Fir den Ofdrock vum Ouer a verschidde speziell Geräter gesäit d’Gesondheetskees och Forfaiten fir.
Kanner a Jugendlecher ënner 18 Joer kenne méi dacks vun dëser Prestatioun profitéieren. Nämlech all dräi Joer. Erwuessener just all fënnef Joer. Reparature ginn iwwerdeems just bei de Mannerjäregen iwwerholl.
D'CNS-Serie am Iwwerbléck
Serie CNS (1. Deel) - D’Kompetenze vun der Gesondheetskeess.
Serie CNS (2. Deel) - Affiliatioun, Co-Assurance oder Assurance Volontaire.
Serie CNS (3. Deel) - Wéi eng Servicer gi fir Frontalieren ugebueden?
Serie CNS (4. Deel) - "Prestations en nature" vun der CNS.
Serie CNS (5. Deel) - Wat huet ee bei den Zänn zegutt? A wat net?
Serie CNS (6. Deel) - Wa mäi Kand elo eng Bréck brauch, kënnt d'CNS dofir op?
Serie CNS (7. Deel) - Wat huet ee beim Brëll ze gutt?
Serie CNS (8. Deel) - Wat kritt ee fir Kontaktlënsen zeréck?
Serie CNS (9. Deel) - UPDATE - Wéini brauch ech e Krankeschäin an däerf ech e briechen?
Serie CNS (10. Deel) - Wat däerf een a wat net, wann een am Krankeschäin ass?
Serie CNS (11. Deel) - Generiquë genee sou gutt wéi original Medikamenter?
Serie CNS (12. Deel) - Prestations en nature.
Serie CNS (13. Deel) - Wat kritt ee fir de Kiné rembourséiert a wat ännert 2017?
Serie CNS (14. Deel) - Wat muss ee fir den Transport an der Ambulanz bezuelen?
Serie CNS (15. Deel) - Zousätzlech Remboursementer vum 1. Januar un
Serie CNS (16. Deel) - Wat ass de Mat-Fëmmen-Ophal-Programm vun der CNS?
Serie CNS (17. Deel) - Konditiounen, fir sech am Ausland behandelen ze loossen.
Serie CNS (18. Deel) - Spezifescht Traitement am Ausland ... rembourséiert?
Serie CNS (19. Deel) - Wéi funktionéiert de System vum Tiers Payant Social?
Serie CNS (20. Deel) - Congé aus familiäre Grënn
Serie CNS (21. Deel) - Congé bei Stierfbegleedung, de sougenannte CAFC.
Serie CNS (22. Deel) - De Congé de Maternité zu Lëtzebuerg
Serie CNS (23. Deel) - Wat maachen, wann een am Ausland krank gëtt?
Serie CNS (24. Deel) - D'Impfprogrammer vun der CNS.
Serie CNS (25. Deel) - Wéini kritt een eppes fir eng Prothees erëm?
Serie CNS (26. Deel) - Wourop soll een als Student am Ausland oppassen?
Serie CNS (27. Deel) - Wéi eng Preventiounsprogrammer huet d'CNS den Ament lafen?
Serie CNS (28. Deel) - Wéini kann ech Medikamenter online bestellen?
Serie CNS (29. Deel) - Assurance Dependance: Wien huet Recht op dës Hëllefen?