D'Nouvellen, déi d'Leit beweegt hunn

De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.
De Steierbarème an d'Inflatioun
"All Net-Upassung vum d'Steierbarème un d'Inflatioun ass u sech eng verstoppte Steiererhéijung", sou den Direkter vun der Chambre des Salariés Sylvain Hoffmann en Donneschdeg de Moien op RTL. D'Upassung vum Barème un 2,5 Indextranchen d’nächst Joer, sou ewéi d'Regierung et mat de Sozialpartner op der Tripartite Ufanks Mäerz decidéiert huet, wier ze begréissen.
Méi Parkplazen op der Gare - awer net fir den Auto
An der Stad gëtt iwwert en ënnerierdesche Parking fir Vëloen diskutéiert. Op zwee Stäck soll dann op der Gare Plaz sinn fir 2.000 Vëloen. De Projet gouf den Awunner vum Garer a Bouneweger Quartier dës Woch mol presentéiert.
International Enquête
An Holland goufen dës Woch néng Wunnengen duerchsicht. Et goufe fënnef Leit festgeholl, déi ënner Verdacht stinn, Deel vun enger krimineller Band ze sinn. Si sollen ënnert anerem fir de gesprengte Bancomat 2021 zu Schëtter an och zu Tréier verantwortlech ze sinn.
Kloertext
Liewe mir mateneen oder niefteneen? Dat war dëst Woch Diskussiounsthema am Kloertext. 170 Nationalitéite liewen zu Lëtzebuerg an da kommen nach dausende Frontalieren dobäi. Hei stellt sech dann d'Fro, ob et nach en Zesummeliewen ass oder awer vill kleng parallel Multikulti-Welten.
D'Fola bleift an der BGL Ligue
No engem ganz spannende Barrage-Match konnt d'Ekipp vum Escher Gaalgebierg sech an der Verlängerung mat 4:3 géint d'Jeunesse Kanech duerchsetzen. Méi wéi 1.600 Spectateure ware sech de Match ukucken.
Déifferdeng gewënnt d'Coupe de Luxembourg
Bei enger exzellenter Kuliss vun offiziell 8.385 Spectateuren am Stade de Luxembourg huet Déifferdeng e Freideg den Owend d'Finall vun der Coupe de Luxembourg mat 4:2 géint Miersch gewonnen. Duerch de Succès spillt den FCD03 déi nächst Saison europäesch.
Gréngs gëtt elo méi streng iwwerwaacht zu Amsterdam
Eng ganz Rëtsch Touriste besichen déi hollännesch Haaptstad mam Zil, Cannabis ze konsuméieren. Wat déi mannste wëssen: D'Drog ass gesetzlech eigentlech guer net erlaabt, gëtt awer gedult. Elo wëll een awer besonnesch an der Alstad méi streng duerchgräifen. Méi international Nouvelle fannt Dir an eisem neien Liveticker.
Musekslegende gestuerwen
D'Tina Turner ass de Mëttwoch no laanger Krankheet am Alter vun 83 Joer an der Schwäiz verscheet. D'Sängerin ass mat Lidder wéi "What's Love Got to Do with It", "We Don't Need Another Hero", "Simply the Best" oder "Private Dancer" eng vun den erfollegräichsten a bekanntste Sängerinnen an der Geschicht ginn.
Liewensmëttel retten
E gastronomesche Menü ze kachen op Basis vu Liewensmëttel, déi soss an der Biogasanlag gelant wieren, dat ass d’Konzept vum neie Restaurant BENU Sloow.
Alternativ zu Stau a Baggerweier
Wie sech bei de waarmen Temperature gären ofkille wëll, ka vun dësem Weekend un och an den Iechternacher Séi schwamme goen. Dëst ass eng weider Alternativ zu de Baggerweieren oder dem Stauséi, déi am Summer dacks iwwerlaf sinn.
10. Jubiläum vum KonschTour
Um Päischtweekend lount sech en Tour duerch Veianen. Eng 80 lokal an international Kënschtler sinn hei un engem ofwiesslungsräiche Programm bedeelegt. Et ass déi zéngte Kéier, dass d'Kënschtler op déi besonnesch Porte ouverte invitéieren.
76. Editioun vum Filmfestival
Zu Cannes hunn och Lëtzebuerger Koproduktiounen eng Chance op e Präis. Dat mengt de Joy Hoffmann, deen um Festival eng Partie Filmer gesi konnt.