No der Stad Lëtzebuerg an Esch-Uelzecht ass Déifferdeng déi drëttgréisste Stad am Land. Se ass keng Ausnam: Och hei goung et de Butteker scho mol besser.

Och hei mussen d'Geschäftsleit aus dem Zentrum sech d'Clientèle mat Grande Surfacen deelen. Ma ee Virdeel schéngt Déifferdeng awer ze hunn.

Den Daniel Di Vincenzo leet déi éischt Fläschen an de Frigo. Hie mécht eng Wäibar zu Déifferdeng op. An deene Raim, an deenen d'Bijouterie war, déi säi Monni viru Joren iwwerholl hat. En Hommage un den Tino. Eng emotional Saach also. Mä Déifferdeng hätt och de Virdeel, dass d'Loyeren de Geschäftsleit keng Albdreem géife maachen, wéi op anere Plazen.

"Ganz am Géigendeel: de Loyer ass zimmlech attraktiv zu Déifferdeng. Et ka fir Geschäftsleit dowéinst interessant sinn. Natierlech muss ee Loyer bezuelen. Mä den Drock ass hei net esou do, wéi vläicht an anere Stied.", esou den Daniel Di Vincenzo.

17 bis 25 Euro de Metercarré sinn hei dran. Generell géif d'Politik sech Méi ginn an de Geschäftsleit ënner d'Äerm gräifen. Dat seet och de Patrick Gomes, deen zanter iwwer 20 Joer bei engem Optiker schafft, deen et nach méi laang gëtt. Dass Déifferdeng permanent wiisst an antëscht 30.400 Leit hei liewen, gesäit de Gerant als Chance. Den Déifferdenger Stadkär hätt awer e Problem:

"Eis feelt et vläicht u méi Butteker zu Déifferdeng. Da mussen d'Leit net an eng Grande Surface goen. Do wou se fir ze shoppen, vill Butteker beienee fannen. Déi Leit, déi an Déifferdeng kommen, ginn éischter spadséieren a kucken da vläicht e bëssen. Oder si ginn ebe geziilt an ee Buttek.“ 

D'Konkurrenz op der grénger Wiss... No Startschwieregkeeten hätt och e Shoppingzenter an der Entrée vun Déifferdeng dëst Joer Fouss gefaasst. Ee vu geschwënn zwee groussen an der Gemeng.

"Et ass wouer, dass mir e Problem hunn an deem Sënn, dass mir zwee Zentrumen hunn. Een, do wou d'Shoppingzentere sinn. Dat anert ass den traditionellen Zentrum. Mir sinn awer amgaangen, deen Zentrum erëm opliewen ze loossen. D'Gemeng selwer huet do och Geschäfter kaaft, déi renovéiert ginn. Mir kucken aktiv mat de Locatairen a Proprietären, fir d'Etablissementer ze vermëttelen. Mir dynamiséieren deen Zentrum aktuell.", esou den Déifferdenger CSV-Schäffen Tom Ulveling.

Häerzstéck: déi sougenannt Maison Moderne. Wunnengen uewenop, Commerce ënnenan. D'Gemeng léisst d'Gebai esou renovéieren, dass vill Zorte vu Butteker hei opmaache kéinten. Fir méi Offer an enger Stad, déi weider wiisst.

RTL

© Didier Weber / RTL