Post-Pann, Honger an der Gazasträif a knapps laanscht d'Katastroph zu Walfer

De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.
Grouss Pann bei der Post
E Mëttwoch am Nomëtteg ass bei der Post bemol näischt méi gaangen - den Handyreseau, den Internet, souguer den Noutruff huet zäitweis net funktionéiert. Ee Feeler bei der Software huet dozou gefouert, datt d'Servicer fir ronn véier Stonnen ausgefall sinn. Op engem Point presse den Dag drop sot de Premier Luc Frieden, et géif een d'Evenementer bei der Post ganz eescht huelen. D’Pann géif weisen, wéi fragil de System wier.
E Freideg géint 17 Auer koum dunn eng Matdeelung vun der Cellule de crise vun der Regierung, datt et sech awer net ëm ee Softwarefeeler, ma ëm eng cibléiert Cyberattack gehandelt hätt.
Och bei den CFL ass net alles riicht gelaf
Schonn en Dënschdeg war et zu Stéierunge komm, déi Kéier awer am Zuchtrafic. Zu de Perturbatiounen am Zuchreseau koum et den CFL no, well eng extern Firma op engem Chantier um Houwald ongewollt Telekommunikatiounskabel duerchgeschnidden hat. Dat huet zu enger jett Verspéidungen an Annulatioune matten am Beruffsverkéier gefouert.
Honger an der Gazasträif
D'Situatioun an der Gazasträif ass desastréis. Doriwwer hunn dës Woch net just Journaliste vun der AFP, AP, Reuters an der BBC, ma och d'Weltgesondheetsorganisatioun bericht. D'WHO warnt virun enger déidlecher Hongerkris. Zanter Mëtt Juli wieren d'Zentere fir Kanner mat extremer Ënnerernierung iwwerfëllt, zanter Ufank des Jores wiere schonn op d'mannst 21 Kanner duerch Honger gestuerwen.
D'Noriichtenagencen AFP, AP a Reuters, genee wéi d'BBC, hunn en Donneschdeg iwwerdeems een Appell un Israel lancéiert, Journaliste fräien Accès an an aus der Gazasträif ze erlaben. Och si géifen den Honger ze spiere kréien: "Journaliste mussen a Krichsgebidder eng jett Privatiounen a Schwieregkeeten erdroen. Mir sinn zudéifst besuergt doriwwer, datt elo och Honger hiert Iwwerliewe menacéiert", esou d'Agence France-Presse.
Unerkennung vu Palästina als Staat?
En Donneschdeg den Owend huet de franséische President Emmanuel Macron de Virstouss gemaach, e Freideg ass den Ausseminister Xavier Bettel virsiichteg nogezunn: Kéint Palästina geschwë vu méi Länner als Staat unerkannt ginn?
Frankräich wéilt dat am September am Kader vun der UN-Vollversammlung maachen, huet de Macron matgedeelt. Lëtzebuerg géif iwwerdeems zu enger Unerkennung "tendéieren", esou de Bettel e Freideg. Lëtzebuerg hat jo am Virfeld annoncéiert, dass gewësse Konditioune fir eng Unerkennung vu Palästina missten erfëllt sinn.
Dëse Video gouf e Freideg de Moien opgeholl, dowéinst ass hei nach rieds vun engem Softwarefeeler bei der Post, an net vun enger geziilter Cyberattack.
Bus bal vun Zuch erfaasst
Eng ganz knapp Këscht gouf et rezent zu Walfer. Op engem Video, deen eis e Méindeg zougespillt gouf, ass ze gesinn, wéi e Bus, deen ofgeschleeft gëtt, bal vun engem Zuch erfaasst gëtt. Den Tëschefall geet schonn op de 16. Juni zeréck, hunn d’CFL op Nofro confirméiert. Duerch vill Gléck ass kengem eppes geschitt.
Äddi un zwou Gréissten aus der Pop-Kultur
D’Heavy-Metal-Legend Ozzy Osbourne, Frontmann vu Black Sabbath, ass just zwou Wochen no sengem leschte Concert am Alter vu 76 Joer gestuerwen. Am Joer 2020 hat hie seng Parkinson-Diagnos public gemaach.
D’Nouvelle vum Doud vum amerikanesche Wrestling-Star Hulk Hogan koum dunn den Dag drop. Secouriste waren en Donneschdeg wéinst engem Häerzstëllstand a säin Doheem geruff ginn, ma et koum all Hëllef ze spéit. De Wrestler ass 71 Joer al ginn.
Persoun stierft an Déifferdenger Park
Am Parc de la Chiers zu Déifferdeng gouf e Sonndeg an de fréie Moiesstonnen eng Persoun gemellt, déi bewosstlos do géif leien. Versich, d'Persoun ze reaniméieren, hu leider net funktionéiert - si gouf nach op der Plaz fir dout erkläert. Eng Autopsie soll elo déi genee Ëmstänn vum Doud klären.
Optakt vum Congé collectif a vun de Congés annulés
Op de Chantiere geet et vu elo un e bësse méi roueg zou: e Freideg geet de Congé collectif am Secteur lass. Nach bis den 17. August bleift d'Schaffgeschier op deene meeschte Plaze leien.
Genee de Géigendeel ass da fir d'Congés Annulés de Fall. De Festival an de Rotonden geet e Freideg lass a leeft nach bis den 21. August. De Museksprogramm ass gutt gefëllt. Weider Informatioune fannt Dir hei.