D'Woch op RTLBlesséiert Kazen am Norden, Känguru op der Flucht a Palma ënner Waasser

Kevin Kayser
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.

Uerg blesséiert Kazen am Norde vum Land

Innerhalb vu kuerzer Zäit gouf et dräi Fäll vun uerg blesséierte Kazen, déi eng oder méi Patte verluer haten. Wärend et sech heibäi ëm Blessure kéint handelen, déi vun engem Méitrakter vun engem Bauer kéinte stamen, ass awer och net auszeschléissen, datt d’Déiere vun engem Mënsch gequäält a blesséiert goufen.

Europa huet gewielt

A ville Länner sinn d’Resultater vun den EU-Walen definitiv. Och hei zu Lëtzebuerg ass et kloer, datt eis déi nächst Joren de Christophe Hansen, d’Isabel Wiseler-Lima, de Marc Angel, de Charel Goerens, d’Tilly Metz an de Fernand Kartheiser wäerte vertrieden. Bei de Parteien, déi et net gepackt hunn, ass d’Enttäuschung grouss.

Läich vun néng Joer alem Meedche fonnt

Iwwer eng Woch laang gouf a Sachsen nom klenge Valeriia gesicht. Zanter e Mëttwoch gëtt et déi traureg Gewëssheet, datt d’Kand dout ass.

Sammy op der Flucht

E Känguru, dat ouni Autorisatioun hei am Land ass, ass op der Flucht. D’Besëtzerin an d’Autoritéite sichen nom Déier, datt sech bei Konsdref duerch d’Bascht gemaach huet.

Palma ënner Waasser

Ville Reen op Mallorca huet ville Leit e Stréch duerch d’Vakanzeplanung gemaach. Et huet deels esou vill gereent, datt de Fluchhafe vu Palma ënner Waasser stoung a keng Fliger starten oder lande konnten. Och Lëtzebuerger ware vun den Delaien betraff.

“Politik ass gestalten, net just verwalten”

De Luc Frieden huet a senger éischter Ried zur Lag vun der Natioun eng sëllege Mesuren ënner anerem am Bausecteur, bei de Steieren oder am Militärberäich annoncéiert. All d’Detailer dozou fannt an eisem Liveticker.

Grenzkontrolle fir d’EM

Op der anerer Säit vun der Grenz mécht déi däitsch Police zanter dem Ufank vun der Woch verstäerkt a plazeweis fix Kontrollen, fir Hooligans net an d’Land ze loossen. Dëst féiert zu Stau a Frust bei de Leit, haaptsächlech de Frontalieren. Den Inneminister Léon Gloden huet dowéinst och scho bei senger däitscher Homologin intervenéiert.

All Infoen am EM-Dossier

E Freideg den Owend huet sech Däitschland mat 5-1 géint Schottland duerchgesat an domadder d’Europameeschterschaft lancéiert. All déi wichtegst Informatiounen ronderëm dëst grousst Futtballevent an och eist Gewënnspill fannt Dir an eisem EM-Dossier.

Back to Top
CIM LOGO