
Blockéiert Stroossen an eidel Regaler
An eisen Nopeschlänner Däitschland, Frankräich a Belsch sinn d’Baueren déi leschte Wochen op d’Strooss gaangen, fir géint Mesurë vun hirer Regierung ma och vun der Europäescher Unioun ze protestéieren. Och wann d’Lëtzebuerger Bauere bis ewell net un de Protester deelgeholl hunn, haten dës awer Repercussiounen op de Grand-Duché. Esou koum et zu Problemer am Trafic an den dräi Grenzregiounen a Regaler a verschiddene Supermarchéë sinn eidel bliwwen, well d’Camionen am Ausland blockéiert waren.
De Wee eraus aus der Drogesucht
An engem Temoignage hu mer mam Steve Faber geschwat, dee vu senger Drogesucht lasskoum. Fir den deemools ganz schwéier drogenofhängege Mann ass eppes ganz kloer: Hätt hie viru 5 Joer net den Aha-Moment gehat an eppes ënnerholl, wier hien haut net méi do.
Ginn eeler Leit ofgezockt?
Vill eeler Leit, grad déi an Heemer liewen, sinn op Taxien oder déi sougenannten Taxis-Ambulanzen ugewisen. Ma d’Praxis vun der Ofrechnung ass do net ëmmer ganz kloer. Wat iwwerhëlt d’CNS? Muss een iwwerhaapt selwer eppes bezuelen? A wat si méiglech Alternativen zu dësen Taxis-Ambulanzen? All deene Froen ass eise Journalist Marc Hoscheid nogaangen.
Lëtzebuerger huet 800.000 Follower
Mir hunn ee Lëtzebuerger Streamer getraff deen eleng op Twitch iwwer 800.000 Followers huet an haut vill Suen domat verdéngt. De komplette Reportage iwwer de “Lets Hugo” elo am Replay op RTL Play
Sensatioun an der Formel 1
Dës Woch gouf eppes annoncéiert, wat nëmme ganz wéineg Fans fir méiglech gehalen hunn. Vun der Saison 2025 u wäert de Rekordweltmeeschter Lewis Hamilton seng aktuell gro-schwaarz Uniform géint eng Rout tauschen. Well den Nach-Mercedes-Pilot huet e Kontrakt bei Ferrari ënnerschriwwen.
Mesuren am Logement annoncéiert
De Lëtzebuerger Premier huet dës Woch verschidde Mesuren annoncéiert, fir der Kris um Bau awer och der Logementsproblematik am Land entgéintzewierken. Bei ville Leit am Secteur sinn dës Annoncen gutt ukomm, och wann ee sech eens war, datt ee lo selwer aktiv muss ginn an datt et wuel eng Zäit kéint brauchen, bis d’Moossnamen alleguer gräifen.
Annulatioun vum Verbrenner-Verbuet?
Dat op alle Fall fuerdert eng Petitioun, déi 8.200 Ënnerschrëfte krut an dësen Donneschdeg an der Chamber diskutéiert gouf. Mat der Petitioun soll evitéiert ginn, datt keng Autoe mat Verbrenner-Moto dierfe méi vun 2035 un hiergestallt ginn. Ma wärend den Debatten an der Chamber hu sech bal all d’Parteien hannert d’Decisioun vu Stroossbuerg gestallt, fir eben de Verbrenner vun 2035 un ze verbidden.
Polizisten zu Tréier ugegraff, Urteel gefall
Viru ronn engem Joer goufe Poliziste vun enger Grupp Leit virun enger Disko zu Tréier ugegraff. Déi zwee Haapttäter, e Mann vun 43 Joer an e Jugendleche vu 17, goufen elo zu engem Joer an dräi Méint Prisong respektiv engem Joer a sechs Méint Jugendprisong verurteelt. Fir déi aner Bedeelegt goufe Sozialstonnen a Geldstrofe gesprach.