
Eng Bomm zu Käerjeng
En Donneschdeg de Moie war e gréissere Police-Asaz zu Käerjeng. Et gouf ënnert anerem eng selwer gebastelt Bomm fonnt a kontrolléiert gesprengt. Et soll net éischten Asaz op dëser Plaz gewiescht sinn. RTL-Informatiounen no gouf et eng Perquisitioun an engem Appartement vun zwee Bridder mat Lëtzebuerger Nationalitéit.
Nei Tripartite
E Freideg de Moie sinn d’Regierungsvertrieder, Gewerkschaften an d’Patronat zesummekomm. Diskussiounstheme sinn d’Energie-Hëllefen, awer och iwwer d’Steiere soll geschwat ginn. D’OGBL-Presidentin Nora Back huet och op eiser Antenn gefuerdert, dass d’Steiertabellen esou séier wéi méiglech un d’Inflatioun ugepasst ginn.
Zuchaccident léist Streik aus
A Griicheland koum et zu engem schwéieren Accident tëscht zwee Zich. Dëst huet op d’mannst 57 Persounen d’Liewe kascht (Stand 3. Mäerz). D’Regierung huet staatlecht Versoen agestanen. Nom Accident sinn a Griicheland d’Leit op Stroosse gaangen an vill Eisebunner hu gestreikt, fir op de schlechten Zoustand vum Zuchreseau an d’Aarbechtskonditiounen opmierksam ze maachen.
Et feelt u Medikamenter
Zemools bei Codein géint den Houscht, Antibiotique an Diabetes-Medikamenter ginn et den Ament Enkpäss. Dat huet net nëmme mat de Liwwerungen ze dinn, mee och domat, dass Lëtzebuerg vun anere Länner ofhängeg ass.
Gerant vun heem.lu an Untersuchungshaft
Et sollen Diskrepanze ginn tëscht deem, wat geschafft ginn ass an deem, wat bei der CNS facturéiert gouf. De Parquet schwätzt vun 2,5 Milliounen Euro. Den Affekot vum Beschëllegten hält dat awer fir onwarscheinlech. 150 Patienten a ronn 50 Mataarbechter si betraff.
Rassismus am Sozialsecteur
De Khalid Oke war sech eigentlech fir eng Stageplaz am Sozialsecteur virstellen. Thema am Entretien war awer méi säin Originn, wéi seng Kompetenzen. An de soziale Medien huet hie seng Erfarunge gedeelt a weist sech blesséiert. Am Interview mam Fanny Kintsch erzielt hie vum ganzen Entretien.
Gratis ëffentlechen Transport
Zënter genee dräi Joer ass den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg lo gratis. Weltwäit gouf dëst diskutéiert, well Lëtzebuerg dat éischt Land ass, wou dat duerchgesat gouf. An awer klappt net ëmmer alles wéi geplangt. Am Dir hutt d’Wuert konnt Dir dofir dem Mobilitéitsminister François Bausch Är Froe stellen.
Weiblechen DJ-Duo - eng Nisch zu Lëtzebuerg
D’Shania Schaber a Charlotte Elsen sinn net nëmme bescht Frëndinnen, mä leeën och zanter zwee Joer zesummen als “ShaCha” op. D’Valeria Wiwinius huet mat deenen zwee geschwat.
Wunnen op enger Adress, déi keng ass
Cafészëmmeren zu Jonglënster sinn am Viséier vun Experte vum soziale Wunnengsmaart. D’Kummeren an Appartementer, déi an deem gréissere Gebai nämlech verlount ginn, entspriechen net de Sécherheetsnormen. Dowéinst kënne sech d’Locatairen net umellen.
13. Editioun vum Luxfilmfest
En Donneschdeg war den offiziellen Optakt vum Luxembourg City Film Festival. Néng Long-métrage-Filmer sinn an der offizieller Competitioun, dorënner eng reng Lëtzebuerger Produktioun an zwou Lëtzebuerger Co-Produktiounen. Am Pavillon de la réalité virtuelle an der Abtei Neimënster kënnen d’Visiteuren da wuertwiertlech an d’Filmwelt vu muer andauchen.
8 Joer laang all Dag an den Disneyland
Den Amerikaner Jeff Reitz huet ongewollt e skurrille Weltrekord opgestallt. De Mann wollt sech opmonteren, well hie seng Aarbecht verluer hat an ass dunn iergendwann all Dag an de Fräizäitpark gaangen. Den Dag, wou de Lockdown ausgeruff gouf, konnt hie soen: “Ech war 2.995 Deeg laang all Dag am Disneyland.”
Top Secret
Mir huelen Iech mat an dat “Aalt Spidol”, dat zënter kuerzem eidel steet. D’Déifferdenger Gemeng kuckt aktuell zesumme mat engem Architektebüro, fir op dëser Plaz an Zukunft eventuell en neie Schoulcampus entstoen ze loossen. Dat nächst Kapitel also fir Fontaine Marie.
Drogen um Steier - net ze ënnerschätzen
A Frankräich soll de franséische Komiker Pierre Palmade ënner Afloss vu Kokain e tragesche Verkéiersaccident provozéiert hunn. Ma Drogen, Alkohol a Fuere passt net beieneen, fënnt den André Schaack vum Service national de circulation et de sécurité routière.