
Familljeminister op Zäit
D’Gemengewale sinn eriwwer. Doduerch, dass d’Corinne Cahen an de Stater Gemengerot gewielt gouf, huet si hire Posten als Familljeministesch opginn. De Max Hahn iwwerhëlt elo fir déi nächst puer Méint de Familljeministère. De ganzen Iwwerbléck vun de Gemengewalen fannt dir hei.
Opgepasst
Am Süde vum Land soll eng Camionnette ënnerwee sinn a Meedercher uschwätzen. D’Police ass alarméiert.
Aarm trotz Aarbecht
Am Top-Thema-Reportage am Magazin erzielt eng betraffe Mamm, wéi schwéier et haut fir si ginn ass, d’Änner beieneen ze kréien. De Phänomen “Working Poor” ass nämlech och zu Lëtzebuerg eng Realitéit.
Traurege Bilan
D’lescht Joer ass d’Zuel u Fäll vun haislecher Gewalt ëm 7 Prozent geklommen. Ganzer 983 Fäll goufe registréiert.
Am Kloertext
Net just Obesitéit, mä och Iessstéierungen huele massiv zou. Firwat ass en entspaant Verhältnes zum Iessen an dem Kierper esou schwéier? Dës Fro huet d’Caroline Mart sech dës Woch am Kloertext gestallt.
Hausdéieren an der Tru
An engem Haus an der Regioun ëm Mons goufen d’Kadavere vu 75 Kazen an dräi Hënn fonnt. De Responsabele vun der Aktioun sot de Medien, datt hie sech net erënnere géif, jeemools schonn esou eppes gesinn ze hunn.
No Mobbing-Video
Nodeems d’lescht Woch e Video an de soziale Medien d’Ronn gemaach huet, wou e Meedchen humiliéiert a geschloe gëtt, gouf elo eng Enquête géint déi mannerjäreg Täter lancéiert.
Doudesfall am Vëlossport
De Coureur Gino Mäder huet no enger uerger Chute misse reaniméiert ginn an ass de Freideg u senge Blessure verscheet. Den Tëschefall ass op der Kinneksetapp vum Tour de Suisse geschitt.
Victoire fir d’Vicky Krieps
De Film “Corsage” war beim éisträichesche Filmpräis dëst Joer dee mat de meeschten Nominatiounen. Ausgezeechent gouf e ganzer véier Mol. D’Vicky Krieps gouf fir déi bescht Haaptroll ausgezeechent.
Alles op d’Päerd
De Freideg hunn d’Réiser Päerdsdeeg ugefaangen. Bei dëser 30. Editioun vum internationale Sprangturnéier huele verschidden Natiounen, sou wéi och top Lëtzebuerger Sprangreider deel.
Best of Skurill
- Franséisch Premierministesch fëmmt hir E-Zigarett gemitterlech an der Assemblé Général.
- Frittefett-Mafia klaut 600 Liter benotzten Ueleg zu Tréier.
- 50 Kilo Kokain sollten de Wee an Europa net um mee am Surfbriet untrieden.
Deelt Är Meenung
Wéi notzt Dir rtl.lu a wat kënne mir besser maachen? Hei kënnt Dir bei der Ëmfro matmaachen.