
D’Eve Polastri schafft fir de brittesche Geheimdéngscht als Analystin, eng Aarbecht, déi si langweilt, bis si en Zesummenhang entdeckt tëscht enger Rei vun Morden an Accidenter a sech sécher ass, dat eng eenzeg Fra dofir responsabel ass.
Frustréiert, well hir Cheffen hir Iddi a si selwer net seriö huelen, follegt si hiren Uerderen net a gëtt erausgeheit aus dem MI5. Mä gläich drop gëtt si vun engem geheimen Deel vum MI6 erëm agestallt. Do kritt si den Optrag, eng weiblech professionell Killerin, déi sech Villanelle nennt, ze fänken.
D’Eve an d’Villanelle spille Kaz a Maus, béid vunenee faszinéiert. D’Sandra Oh, wat een nach aus “Greys Anatomy” kennt an d’Jodie Comer spillen hir Rolle mat engem offensichtleche Genoss, woubäi se den Ënnerscheed tëscht der lakonescher Eve an dem psychopathesche Villanelle besonnesch ervirhiewen.
De schwaarzen Humor vun der Serie ass eng vun den Ursaache fir hire Succès, wéi se 2018 ugaangen ass. Déi drëtt Saison leeft grad op BBC-America.
„Killing Eve“ ass eng Brittesch Produktioun, déi queesch duerch Europa féiert.
Déi zwou éischt Staffelen sinn op Apple+ disponibel.
Deel 1: Most Beautiful Thing op Netflix
Deel 2: Gran Hotel op NetflixDeel 3: Outlander op Netflix
Deel 4: Spinning Out op Netflix
Deel 5: Home for Christmas op Netflix
Deel 1: The Alienist op NetflixDeel 2: Las Chicas del Cable op NetflixDeel 3: Mad Men op NetflixDeel 4: Brigada Costa del Sol op Netflix
Deel 5: The Americans op Netflix an Amazon
Deel 1: Supernatural op AmazonDeel 2: The good Wife op AmazonDeel 3: Shameless op AmazonDeel 4: House M.D. op AmazonDeel 5: Star Trek: The Next Generation op Netflix
Deel 1: Südafrika: Queen Sono op NetflixDeel 2: Tierkei: The Protector op NetflixDeel 3: Israel: Beauty and the Baker op AmazonDeel 4: Indien: Made in Heaven op AmazonDeel 5: Korea: Vagabond op Netflix