An eisem Land feelt et u politescher Responsabilitéit, dat heescht, dass Politiker Rechenschaft fir hir Aktiounen ofleeën. D'Annick Goerens ass a sengem leschte Commentaire nach eemol op déi verschidde Skandaler a Skandälercher agaangen, déi sech d'Regierungsparteien an de leschte Joren esou geleescht hunn.

Commentaire vum Annick Goerens

Liest hei den "Deel 1" zu de Skandaler an de Regierungsparteien:

En vue vun de Wale gouf awer och op Oppositiounssäit deen een oder anere Bock geschoss, un deen een nach eemol erënnere kann.

No Ouschtere wëlle mer direkt ufänke mat dem décksten Ee, wat sech déi gréissten Oppositiounspartei, d'CSV, selwer an d'Nascht geluecht hat. Et geet ëm d'Affär CSV-Frëndeskrees. D'Fraktioun wollt de President lassginn an huet hie viru Geriicht denoncéiert wéinst engem Aarbechtskontrakt, deen hie mat der Asbl CSV-Frëndeskrees ofgeschloss hat. Domm gaangen, dass dunn och nach aner Parteimembere mat viru Geriicht gelant sinn, dorënner déi aktuell Co-Parteipresidentin Elisabeth Margue an d'CSV-Generalsekretärin Stéphanie Weydert. D'CSV huet also hir Jonk/hir Zukunft quasi an d'Messer lafe gelooss. "Et ass just drëms gaangen, mech lass ze ginn." Dat ass d'Conclusioun vum fréiere Partei-President Frank Engel an hie sollt Recht behalen. Viru Geriicht gouf hien nämlech fräigesprach. "Dat do war net néideg", sot och de Jean-Claude Juncker. Eigentlech denkt ee sech jo dann: "Wie Phönix aus der Asche", mee leider ass der CSV de Renouveau awer net gegléckt. De Phönix entpuppt sech als de Luc Frieden, deen der CSV also soll eng nei Nues ginn.Maja dann...

Wa mer weider riets vun der CSV kucke ginn, kënnt just nach d'ADR. An déi hunn och dat eent oder anert Ee geluecht. Dat Hong heescht Roy Reding. Hien ass den Deputéierten, deen am meeschten an der Chamber gefeelt huet, am Ganze war hie just an 63 Prozent vun de Chamber-Plenièrë present. Hie gëtt jo och net midd ze soen, dass hien op d'mannst 3 Méint am Joer a Südafrika verbréngt. Wärend der Pandemie hat hien du jo och provokativ der Chamber versprach, den doucen Omikron vun do matzebréngen. Fräi nom Motto "Ist der Ruf erst ruiniert, lebt es sich ganz ungeniert", huet de Roy Reding dunn och nach d'Nummer vun engem Journalist an ee Forum vu Corona-Schwurbler gepost. Op de sozialen Netzwierker huet hien d'Corona-Kris an d'Lächerlecht gezunn. Den Affekot ass an éischter Instanz och wéinst Bedruch beim Verkaf vun enger Immobilie verurteelt ginn zu engem Joer Prisong op Sursis an och nach enger Geldstrof vu 50.000 Euro. Et freet ee sech, wéi vill Fauxpasen een eigentlech als Parlamentarier dierf maachen, ier d'Noutbrems gezu gëtt.

Enger ADR kann een awer nach vill méi reprochéieren. Nämlech dass si d'Grenze vun deem austesten, wat politesch erlaabt ass, an dass si mat vill Polemik a Populismus de rietsen Terrain virbereeden. Do kënnt de Fred Keup, deen de Wirtschaftsminister Franz Fayot als "Topert" betitelt huet, jo quasi wéi ee Chrëschtkëndchen eriwwer.

Op der anerer Säit hate mer d'Deputéiert vun déi Lénk Myriam Cecchetti, déi dem LSAP-Deputéierten Dan Kersch de Mëttelfanger gewisen huet. Dee war sech et allerdéngs siche mat offällege Commentairen, déi hie gemaach huet.

Och d'Piraten hunn e fault Ee am Nascht leien, mä den Daniel Frères ass alt wéinstens net an der Chamber. De fréiere Member vun der Parteileedung gouf wéinst enger Affär mat engem Hond zu enger Geldstrof vun 2.000 Euro verurteelt.

De Pirat Sven Clement war dann ee vu 5 Deputéierten, dee fir e puer Deeg a Brasilien geflunn ass, fir do eng 25.000 Lëtzebuerger iwwert hir Rechter, fir wielen ze goen, ze informéieren. Déi eng Leit ziele méi, déi aner Leit wuel manner. Well hei hunn d'Piraten déi Lénk beim Parquet denoncéiert, well si sech d'Méi gemaach haten, fir am Kader vun de Gemengewale bei d'Leit Porte-à-Porte schellen ze goen, fir si ze motivéieren, fir mat ze wielen.

D'Lëscht ass nach vill méi laang, mä effektiv et vergësst een. Dës Plaz als Rappell, dass mir eis Politiker wielen an dass mir als Bierger kënnen Éierlechkeet a Rechenschaft afuerderen. Eppes, wat hei am Land leider net dacks genuch geschitt, mä mir hunn et als Wieler am Juni an am Oktober och selwer an der Hand.