Bëschbränn, eng Lass um Eiffeltuerm a geféierlech Attraktiounen

De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.
Radar schaarfgestallt
Am Bäreler Bierg ass de Radar zënter dem Mëttwoch am Asaz. Opgepasst d'Vitess ass hei op 50 Kilometer d'Stonn limitéiert.
Lëtzebuerg wielt
D’Gemengewalen hu mir iwwerstanen. Am Oktober si jo dann d’Nationalwalen. De kompletten Iwwerbléck vun de Kandidaten fannt Dir bei eis um Site an enger separater Rubrik.
Kee Spaass op der Kiermes
Zu engem schwéiere Virfall koum et de leschte Sonndeg an der Belsch op enger Kiermes. D'Sécherheetsbarrière ass lassgaangen a siwe Persoune goufen aus dem Spill geschleidert a méi oder manner schwéier blesséiert. An de leschte Woche war et a Frankräich an an Däitschland zu änleche Virfäll komm.
Evakuatiounen a Bëschbränn
Am Süde vun Europa brennt et ëmmer nach. A Südfrankräich goufen 3.000 Touristen evakuéiert. Hei sinn d’Bränn elo ënner Kontroll. Dat kann een op Teneriffa net behaapten. Och hei goufen Dausende Mënsche schonn evakuéiert. D’Pompjeeë kämpfe weider géint d’Flamen hunn d’Bëschbränn awer net am Grëff.
Keng gutt Zäit fir d'Kierch
Enn 2024 lafen d’Konventiounen tëschent der Stad Lëtzebuerg an de Kierchefabricken aus. Et gëtt iwwer eng Rei Desakraliséierunge spekuléiert.
Wiem gehéiert dëst d'Haus?
Déi Lénk hunn eng nei Campagne lancéiert, fir op d'Logementsproblematik ze reagéieren. Si bekloe sech iwwert déi Zéngdausende Wunnengen zu Lëtzebuerg, déi eidel stoe sollen. Et misst ee Spekulatioune mat zousätzlecher Taxéierung verhënneren, sou déi Lénk.
Vermësst
Knapps ee Mount laang war säi Kand fort. E betraffenen Elterendeel huet eis erzielt, wéi hien dat alles erlieft huet. D'Police donieft erzielt, wéi ee mat Vermësstefäll ëmgeet a wat fir Prozeduren dohannert stiechen.
Net sou brav Polizisten?
D'Lescht Woch scho goufen et Ënnersichunge bei zwee Polizisten, wéinst dem Verdacht op Drogen- an Medikamentenhandel. Tatsächlech gouf bei béide Poliziste Cannabis fonnt. Do huet een an der Policeschoul wuel net gutt opgepasst.
Geheim Wetten zu Paräis?
Um Eiffeltuerm war déi lescht Deeg eng méi lass.. Fir d’éischt gouf et zwou Evakuatioune wéinst Bommenalarm, duerno hunn zwee alkoholiséiert Amerikaner de Wee fir erof net méi fonnt an hunn d'Nuecht um Eiffeltuerm verbruecht. E puer Deeg méi spéit spréngt e Mann mam Fallschierm vun der Attraktioun erof a lant an engem Stadion. Do wollt wuel een deen aneren iwwerbidden.
Vu Jonker fir Jonker
De leschte Weekend war wéi all Joer de gratis Festival E-Lake. Am Summermagazin - Backstage! hu mir hannert d'Kulisse gekuckt.
Spunien vs. England
An der Futtball-WM vun den Dammen huet England géint Australien gewonnen. D'Spuenierinnen konnte sech géint d'Schwedinnen duerchsetzen. De Sonndeg de Mëtteg eiser Zäit stinn deemno England a Spuenien an der Finall vun der Futtball-WM vun den Dammen.
Can't Hold us
Den amerikanesche Rapper Macklemore huet um Donneschdegowend d'Rockhal zum vibréiere bruecht. Hei fannt Dir e puer Andréck vum Concert.