De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.

Heescheverbuet

Den neien zoustännege Minister Léon Gloden vun der CSV wëll méi streng géint d'Heeschen an d'Heescherte virgoen. Kritik gëtt et dogéint vu senger Virgängerin, der LSAP-Politikerin Taina Bofferding.

Deier Loyeren, méi bëlleg Kafpräisser

Esou kéint een déi neisten Zuele vun atHome resuméieren, déi sech d'Präisser um Wunnengsmaart zu Lëtzebuerg ugekuckt hunn. Wärend d'Kafpräisser vun Haiser a Wunnenge falen, explodéieren d'Loyerspräisser fir déi selwecht.

CO2-Steier gëtt no uewen ugepasst a staatlech Bäihëllefe gi verlängert

Wéi geplangt wäert d'CO2-Steier den 1. Januar eng weider Kéier an d'Luucht goen. Op der Pompel mécht dat ongeféier 1 bis 2 Cent op de Liter Bensinn oder Diesel aus. Dës Woch koum dann och d'Annonce, datt d'Bäihëllefe fir Photovoltaik, Wärmepompelen oder E-Autoe bis Enn Juni 2024 verlängert ginn.

De gratis Reklammen de Kampf usoen

Vum 1. Januar u verännert sech d'Situatioun, wann een Reklammen a seng Bréifboîte kritt. Esou kann een elo mat engem Sticker uginn, ob ee Reklamme kréie wëll, oder net.

No sechs Joer erëmfonnt

2017 war den Alex, deemools 11 Joer al, a Spuenien an der Vakanz verschwonnen. Dës Woch gouf de Jugendlechen am Alter vu 17 Joer bei Toulouse erëmfonnt.

Leschte Wonsch vun Enkelin erfëllen

Dat mécht Sonja Casquilho-Weiland, déi op engem Stand um Diddelenger Chrëschtmaart Sue fir d'Fondatioun Kriibskrank Kanner sammelt. Et war de leschte Wonsch vun hirer 11 Joer aler Enkelin, déi 2010 u Leukemie gestuerwen ass.

E Liewen an engem geläämte Kierper

Esou geet et der Nathalie Scheer, déi déi degenerativ Krankheet ALS huet. Zanter 20 Joer lieft si mat der onheelbarer Krankheet, un där och de bekannten Astrophysiker Stephen Hawking erkrankt war.

Lëtzebuerger Sprooch, Logement an d'Interessie vun de Bierger

Dëst waren ënnert anerem e puer Theme vun eisen Invitéë vun der Redaktioun. Mam DP-Minister Claude Meisch hu mer iwwert d'Logementsproblematik geschwat, mat der fréierer Gesondheetsministesch Paulette Lenert iwwer déi aktuell politesch Linn vu Schwaarz-Blo a mam ADR-Fraktiounspresident Fred Keup iwwert d'Lëtzebuerger Sprooch.

Luxembourg Song Contest

Déi aacht Finaliste sti fest an ee vun hinne wäert Lëtzebuerg no 30 Joer Abstinenz beim Eurovison Song Contest zu Malmö vertrieden. Bleift ëmmer um neiste Stand mat eisem ESC-Ticker.

President schléit Arbitter

An der héchster tierkescher Liga koum et um Eclat, nodeem de President vun Ankaragücü dem Arbitter no Match, deen 1:1 ausgaangen ass, brutal mat der Fauscht an d'Gesiicht geschloen huet. De Spillbetrib gouf op onbestëmmten Zäit agestallt.