Canicule zu Lëtzebuerg, City Concorde evakuéiert an d'Famill Duck zu Lëtzebuerg

De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.
Waart Dir dës Woch un d'Schweesse komm?
Bei Temperature vun iwwer 35 Grad war dat wuel z'erwaarden. Och betraff waren d'Schüler an d'Léierpersonal an de Schoulen. Vill Gemengen hate Hëtztfräi ginn, awer bei wäitem net all. Dat an dëser Situatioun net de Schoulministère agräift, well et keng global Gefor gëtt, an dat vill Schoulgebaier net op esou Temperature virbereet sinn, huet net nëmme bei eis an de Commentarie fir vill Kritik an Onversteesdemech gesuergt.
"Eng Schoul fir jiddereen" - Realitéit oder Illusioun?
E weidert grouss Thema dës Woch war d'Inclusioun an der Schoul. Wärend den Educatiounsministère a sengen eegenen Zuele sech bestätegt gesäit, datt d'Inclusioun besser klappt, ass d'Situatioun um Terrain ganz anescht. Bei eise Recherche si mer do op mësslongen Integratioun, frustréiert Elteren a Léierpersonal esou wéi Kanner, déi op der Streck bliwwe sinn, getraff.
Eeler Leit deele méi Fakenews
An de soziale Medien an och soss am Internet treffe mer dauernd op Desinformatioun oder Mëssinformatioun. Opfälleg ass hei awer, soten d'Invitéen am Kloertext, datt grad eeler Leit, déi u sech awer e bessert Allgemengwëssen hunn, prozentual méi Fakenews verbreeden, wéi déi Jonk. An enger neier Campagne am Kader vum EDMO-Programm produzéiert RTL eng Dose Videoen, déi déi ënnerschiddlechst Aarte vun Desinformatioun opgräifen an erklären.
Donald Duck an der Groussregioun
Hat Dir en eventuell begéint? An der neister Editioun vum Micky Maus Magazin ass den Donald Duck mat sengen dräi Neveuen Tick, Trick an Track an der Groussregioun ënnerwee an huet och e Stopp zu Lëtzebuerg gemaach.
Big Beautiful Bill ugeholl
Dem Trump säin ëmstriddent Steier- an Ausgabegesetz gouf vum Senat a vum Representantenhaus guttheescht, esou datt den US-President säi Gesetz um Independence Day ënnerschreiwe kann. Den Elon Musk, dee jo wéinst dem Gesetz Sträit mam Trump krut, hat awer am Virfeld annoncéiert, datt hien dofir géif suergen, datt déi Politiker, déi dem Gesetz hir Stëmm ginn, déi nächst Wale géife verléieren.
Neie Monogramm presentéiert
En vue vum Trounwiessel huet den nach Ierfgroussherzog Guillaume säi Monogramm presentéiert, deen hie vum Oktober u wäert notzen, wann hie bis d'Roll vum Grand-Duc iwwerholl huet.
Liverpool-Star stierft bei Autosaccident
De portugiseschen Nationalspiller a Star vum FC Liverpool ass bei engem Autosaccident a Spuenien ëm d'Liewe komm. Den 28 Futtballprofi a säi Brudder ware mam Auto ënnerwee zeréck an England, wéi si déidlech verongléckt sinn. D'Trauerfeier fir déi zwee jonk Männer wäert e Samschdeg an hirem Heemeschtsduerf Gondomar bei Porto ofgehale ginn. Eréischt den 22. Juni dëst Joer hat den Diogo Jota hei seng grouss Léift Rute Cardoso bestuet.
City Concorde evakuéiert
E Méindeg den Owend war am Akafszenter zu Bartreng e gréisseren Asaz vu Police a CGDIS, well e verdächtege Geroch festgestallt gouf. Dowéinst huet d'Gebai och missten evakuéiert ginn. Dr. Anne Vergison, Chef de division vun der Inspection sanitaire vum Gesondheetsministère huet erkläert, datt duerch déi héich Temperaturen den Isocyanat sech méi einfach an der Loft fräigesat. Vum Stoff geet zwar keng Gefor aus, mä et kann Otemprobleemer ervirruffen.