Holtz geet nei Weeër, Bus parkt an Hecken an e spektakuläre Fall vu "Road Rage"
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.
Luc Holtz geet nei Weeër
Nodeems déi national Futtballfederatioun d’lescht Woch matgedeelt hat, datt de Gerson Rodrigues bis op Weideres net méi fir déi Rout Léiwe géif spillen, huet déi nei Woch mat engem Trommelschlag ugefaangen. E Méindeg war et iwwerraschend d’Nouvelle, datt den Nationaltrainer Luc Holtz mat Effet immediat ophält. Hie wiesselt an déi drëtt däitsch Liga a gëtt Trainer vu Waldhof Mannheim.
E Réckbléck op dem Luc Holtz seng Zäit als Nationaltrainer fannt Dir hei.
36 Grad und es wird noch heißer
Eng Nouvelle, déi dës Woch wuel kee verpasst dierft hunn, ass déi vum Wieder: Eng Hëtztwell zitt duerch Lëtzebuerg. Mat Temperature vu bis zu 36 Grad gëllt et virun allem fir eis eeler Matbierger, kill ze bleiwen. Si si bei héijen Temperature besonnesch vulnerabel.
Journalisten an israeeleschem Ugrëff ëmkomm
An der Gazasträif sinn e Sonndeg an enger geziilter israeelescher Attack sechs Journalisten ëm d’Liewe komm. Ënnert hinne war och de bekannte Reporter Anas al-Scharif, dee fir Al Jazeera vun der Plaz bericht huet. Israel behaapt, hie wier "de Chef vun enger Terrorzell" gewiescht. D’UN huet den israeeleschen Ugrëff e schroe Verstouss géint Internationaalt Recht genannt.
Zu Lëtzebuerg gouf un den 28 Joer ale Journalist erënnert. Um Hamilius an der Stad goufe Käerzen ugefaangen, Blummen néiergeluecht an d'Fotoe vun deenen Dosenden an Dosende Journalisten opgehaangen, déi an deene leschten 22 Méint ëm d'Liewe koumen.
Déidlech Listerios - och Kéis zu Lëtzebuerg aus de Regaler geholl
Nodeems a Frankräich zwou Persounen un de Suitte vun der Listerios gestuerwe sinn, ginn international verschidde Kéiser zréckgeruff, an deene Bakterie vermutt ginn.
Och zu Lëtzebuerg ass ee Kéis betraff. Vun der Sécurité alimentaire ass et d'Nouvelle, dass de Camembert vun der Mark "Everyday", deen am Colruyt verkaaft gëtt, aus de Regaler geholl gouf, wéinst dem Verdacht op Bakterien, déi Listerios ausléise kënnen.
Gromperekichelcher fir 7,50 Euro
Net méi laang, da geet se nees lass: déi 685. Editioun vun der Schueberfouer fänkt den 22. August un. Ënnert anerem gëtt et sechs nei Spiller a fënnef nei Restauranten. Och bei de Präisser goufen elo éischt Detailer genannt.
Bus parkt an der Heck
En ongewéinlecht Bild huet sech e Mëttwoch um Boulevard Konrad Adenauer um Kierchbierg gebueden. Do war ee Bus aus nach onbekannte Grënn vun der Strooss ofkomm a koum an den Hecken zum stoen. Zum Gléck ware keng Passagéier u Bord, an och Passante goufen net blesséiert. De Chauffer vum Bus koum fir eng Kontroll an d'Spidol.
E spektakuläre Fall vu "Road Rage" direkt iwwert der Grenz
E Mëttwoch de Moie gouf op der däitscher A64 direkt un der Lëtzebuerger Grenz wuertwiertlech een Accident "provozéiert". Nodeems et mat der Tirette virun engem Chantier net esou richteg geklappt hat, krute sech ee Camionschauffer an een Autofuerer esou an d'Hoer, datt den Autoschauffer virum Camion op d'Brems gaangen ass. De Camionschauffer ass dragerannt an huet den Autosfuerer nach bal zwee Kilometer viru sech hiergedréckt, ier en op der Héicht vun der Aire de Wasserbillig endlech stoebliwwen ass. D'Police sicht no Zeien.
Autonom Busser zu Esch
Zanter e Méindeg rullen zwee autonom CFL-Busser duerch Esch an duerch Suessem. Mat enger Maximalvittess vu 25 Stonnekilometer hu si zwar kee klassesche Chauffer, dofir awer eng Sécherheetspersoun déi oppasst, datt näischt geschitt. Hire Parcours ass éischter iwwersiichtlech: si fueren eng Kéier d'Stonn véier verschidden Arrêten op enger véier Kilometer laanger Streck un.