
Attentatsversuch an den USA
De fréieren US-President Donald Trump ass ëm een Hoer laanscht en déidlecht Attentat komm. Wärend eng Kugel de Republikaner um Ouer gesträift huet, ass e Supporter vum Trump déidlech getraff ginn. Den Attentäter selwer gouf kuerz drop vum Secret Service neutraliséiert.
Trump vs Biden?
E puer Deeg nom Attentat gouf den Donald Trump als Kandidat vun de Republikaner offiziell confirméiert. Ob hien awer géint den aktuellen US-President Joe Biden wäert untrieden, dat steet an de Stären.
Déck Loft bei de Piraten
No de Walen hu se nach hiren drëtte Sëtz gefeiert, ma dës Woch ass mam Ben Polidori een Deputéierten aus der Partei ausgetrueden. Déi zwee aner Vertrieder vun de Pirate spille sech grad géigesäiteg d’Schold zou.
Global IT-Pann
Wéinst enger Pann bei Microsoft koum et um Freideg weltwäit zu Problemer op Fluchhäfen, Zuchgaren, a Medienhaiser an a Banken. Zum Beispill ware Flich blockéiert, well en Check-In net méiglech war. Och Lëtzebuerg war betraff. De Problem konnt am Laf vum Moie geléist ginn.
No 100 Joer ass Schluss
Den Hotel/Restaurant Lanners zu Ettelbréck huet seng Dieren zougemaach. Dem Patron no ginn et dofir zwee Haaptfacteuren: Den Dauerchantier op der Gare an d’Sécherheet, déi am Quartier ëmmer méi schlecht ginn ass.
Hesper Retourkutsch
De Léon Gloden huet eng Decisioun vum Hesper Gemengerot annuléiert. Hei sollt eng Fra, déi familiär Relatioune mam Buergermeeschter mä net déi néideg Qualifikatiounen hat, e Posten an der Gemeng kréien. D’Oppositioun hat sech un héchster Stell doriwwer beschwéiert, wat elo fir déck Loft zu Hesper suergt. De Buergermeeschter soll mat menacéierenden Messagen zeréckgeschoss hunn.
Drastesch Entscheedung
En australeschen Hockeyspiller huet sech en Deel vum Fanger amputéiere gelooss, fir un den Olympesche Spiller kënnen deelzehuelen. De Matt Dawson hat sech de Fanger gebrach. Well dësen net schnell genuch heele géif, huet hie sech dofir entscheet, en amputéieren ze loossen, fir rechtzäiteg fir d’Spiller rëm fit ze sinn.
Tragesche Virfall
Um Mëttwoch den Owend ass zu Paräis en Autosfuerer an eng Terrass gerannt. Eng Persoun ass gestuerwen, weider Mënsche goufe blesséiert. De Chauffer konnt vun der Police gestallt ginn. Dëse war alkoholiséiert. Genee Ëmstänn mussen nach gekläert ginn.
Klassenzëmmer géint Tattoostudio getosch
An eisen éischten Deel vun der Serie “Op der anerer Säit vun der Grenz” hu mer d’Jenny Schumacher kennegeléiert. Déi jonk Fra huet e Posten an der Educatioun zu Lëtzebuerg opginn, fir an Däitschland net wäit vun Iechternach ewech eng Ausbildung als Tätowéierer ze maachen. Nach haut schafft si am selwechte Studio zu Irrel.