Serie Sportler a Corona-Zäiten (25)Leandro Barreiro: Training "à huis clos" an der Bundesliga

Tom Hoffmann
An eiser Serie iwwert d’Lëtzebuerger Sportler a Corona-Zäite kucke mir déi Kéier op e Lëtzebuerger Futtballspiller.
Serie Sportler a Corona-Zäiten: Leandro Barreiro
An eiser Serie iwwert d’Lëtzebuerger Sportler a Corona-Zäite kucke mir déi Kéier op e Lëtzebuerger Futtballspiller.

D’DFL huet annoncéiert, dass vum 9. Mee un nees an der éischter an zweeter däitscher Bundesliga soll Futtball gespillt ginn. D’Entscheedung läit awer bei der Politik. Betraff dovunner ass nieft dem Laurent Jans vum SC Paderborn 07 och de Leandro Barrerio vum 1. FSV Mainz 05.

Mainz géint Düsseldorf, dee mat engem 1:1 op en Enn gaangen ass, war de leschte Match an der däitscher Bundesliga virun der forcéierter Paus. Virun der Partie vu Mainz géint Köln, déi de 14. Mäerz hätt solle gespillt ginn, kruten de Leandro Barreiro a seng Coequipiere gesot, dass wéinst dem Coronavirus d’Saison ënnerbrach wier.

„Mir haten den Dag virum Match géint Köln am Vestiaire eng Versammlung, wou mir gesot kruten, dass de Match net géif gespillt ginn, a goufen heem geschéckt. Den Dag drop hu mir Tester gemaach an hu missen zwee Deeg doheem op Resultater waarden. Wéi mir eis dunn nach emol gesinn hunn, hunn mir opgepasst, dass de Sécherheetsofstand respektéiert gëtt a kruten Trainingsprogrammer matgedeelt”, sot de Leandro Barreiro.

Leandro Barrerio am Interview
Wéi erlieft de Lëtzebuerger Futtballspiller d’Corona-Zäit?

De Lëtzebuerger Nationalspiller hat e schwierege Start an d’Saison, zielt awer mëttlerweil zu der 11 de Base vum Tabelle Fofzéngten aus der däitscher Bundesliga. Zanter 3 Woche gëtt nees beim 1. FSV Mainz 05 trainéiert. Dësen ass natierlech “à huis clos” an entsprécht de bekannten Oplage vun de Gesondheetsagencen.

„Soss ass et esou, dass mir a 6 Vestiairen ënnerdeelt si mat jeeweils 5-6 Spiller. Diere sinn all op an et ass richteg gutt organiséiert, dass et zu kengem Problem kënnt an och zu kenger Infektioun”, sot de Leandro Barreiro weider.

Wann et elo effektiv zu enger Reprise sollt kommen, kann ee gespaant sinn, wéi d’Ekippe sech presentéieren. D’Talent vum 1. FSV Mainz 05 geet dovunner aus, dass et wéi um Ufank vun enger Saison, zu der enger oder anerer Iwwerraschung kéint kommen: „Ka sinn, dass déi Uewen ufänken, Matcher ze verléieren, an déi Ekippen, déi méi ënnen an der Tabell stinn, Matcher gewannen. Natierlech ouni Spectateuren ass dat eppes ganz aneschters. Ech mengen, et kann alles geschéien an et muss ee kucken, wa mir d’Saison op en Enn spillen, wie sech am beschte preparéiert huet.”

DFL gouf no der Annonce, fir Championnat op en Enn ze spillen, vill kritiséiert, ma déi däitsch Futtball Liga huet betount, dass och am Futtball vill Leit géife schaffen an och un déi misst geduecht ginn.

D’Serie “Sportler a Corona-Zäiten am Replay” am Replay

Serie Sportler a Corona-Zäiten (1): De Kamil Rychlicki iwwer seng aktuell Situatioun an Italien Serie Sportler a Corona-Zäiten (2): Dan Lorang: Nieft de Sportler hunn d’Traineren et och net einfach Serie Sportler a Corona-Zäiten (3): Raphael Stacchiotti: Training a Quarantän Serie Sportler a Corona-Zäiten (4) : Vera Hoffmann a Charel Grethen: Trainingslager oofgebrachSerie Sportler a Corona-Zäiten (5): Nadia Mossong: Mam Coronavirus och d’Enn vun der Profi-Karriär? Serie Sportler a Corona-Zäiten (6): De Ken Diederich betreit seng Schüler elo iwwer Internet Serie Sportler a Corona-Zäiten (7): De Julien Henx schafft weider u sengem groussen Zil Serie Sportler a Corona-Zäiten (8): De Laurent Jans iwwer d’Situatioun beim Bundesliga-VeräinSerie Sportler a Corona-Zäiten (9): Fir d’Christine Majerus muss de Sport elo Niewesaach sinnSerie Sportler a Corona-Zäiten (10): D’Anne Simon ass zeréck aus den USA Serie Sportler a Corona-Zäiten (11): Danel Sinani krut gutt Nouvellen an dëse schwéieren ZäitenSerie Sportler a Corona-Zäiten (12): Karate - Gezwonge Paus positiv an negativSerie Sportler a Corona-Zäiten (13): Keng einfach Zäit fir d’EkippesportlerSerie Sportler a Corona-Zäiten (14): Tom Habscheid huet e puer Lächer méi am GaartSerie Sportler a Corona-Zäiten (15): Ben Gastauer ass frou doheem ze sinn, mécht sech awer Suergen ëm d’Zukunft Serie Sportler a Corona-Zäiten (16): Mandy Minella wëllt ënner dëse Konditiounen hirer Karriär keen Enn setzen Serie Sportler a Corona-Zäiten (17): Julie Meynen bleift wärend der Kris an den USA Serie Sportler a Corona-Zäiten (18): D’Lis Fautsch an de Flavio Giannotte hunn et schwéier den Ament Serie Sportler a Corona-Zäiten (19): D’Sarah de Nutte trainéiert lo Servicer um Späicher Serie Sportler a Corona-Zäiten (20): Den Triathlet Bob Haller wot en Neiufank Serie Sportler a Corona-Zäiten (21): Alex Kirsch profitéiert den Ament, doheem ze sinn Serie Sportler a Corona-Zäiten (22): Kee Lockdown a Schweden, dofir kann den Eric Glod weider trainéierenSerie Sportler a Corona-Zäiten (23): Bob Bertemes: wéi trainéiert en Elittesportler a Quarantän? Serie Sportler a Corona-Zäiten (24): Bob Jungels hält sech mat speziellen Übungen a Vëlofuere fit

Back to Top
CIM LOGO