
D’Stella Gibson ass e Superintendent vun der Englescher Police a gëtt an Nordirland geschéckt, fir do de Progrès vun enger Mordenquête z’ënnersichen.
Schonn no kuerzer Zäit mécht se de Lien mat anere Morden a kënnt zur Konklusioun, datt et sech em e Seriekiller handel. Iwwerdeems gesi mer de Paul Spector, en einfache Familljepapp, wéi en enger Fra nogeet an heemlech an hir Wunneng abrécht, well hie si als säi nächst Affer ausgesicht huet.
„The Fall“ ass u sech keng Action-Serie, dofir geet et ze lues virun, et gëtt keng Kampfzeenen oder Explosiounen. Mäe d’Serie lieft vun enger gespaanter, liicht onheemlecher Atmosphär an der roueger a methodescher Aart a Weis, wéi d’Stella Gibson an de Paul Spector virginn.
D’Gillian Anderson, bekannt ginn duerch d’”X-Files”, spillt d’Stella Gibson als eng Fra, déi hir Weiblechkeet an Sexualitéit selbstbewosst auslieft an eng excellent Polizistin ass. Am Géigendeel zu aneren, änleche Serien, ass si awer ni “faszinéiert“ vum Killer, mä am Contraire just interesséiert, hie viru Geriicht ze bréngen, fir dat seng Affer Gerechtegkeet kréien.
De Paul Spector, gespillt vum Jaimie Dornan virun de “Grey”-Filmer, ass e Mann, deen e schmuele Grad geet tëscht der Persoun, déi hie virgëtt ze sinn an dem Monster, dat hie wierklech ass, iwwerdeems hie lues a lues d’Kontroll verléiert, well d’Police ëmmer méi no kennt.
The Fall ass eng englesch Produktioun, déi an Nordirland opgeholl ginn ass. Déi dräi Staffelen sinn disponibel op Netflix.
Deel 1: Absentia op AmazonDeel 2: Killing Eve op Apple +
Deel 1: Most Beautiful Thing op Netflix
Deel 2: Gran Hotel op NetflixDeel 3: Outlander op Netflix
Deel 4: Spinning Out op Netflix
Deel 5: Home for Christmas op Netflix
Deel 1: The Alienist op NetflixDeel 2: Las Chicas del Cable op NetflixDeel 3: Mad Men op NetflixDeel 4: Brigada Costa del Sol op Netflix
Deel 5: The Americans op Netflix an Amazon
Deel 1: Supernatural op AmazonDeel 2: The good Wife op AmazonDeel 3: Shameless op AmazonDeel 4: House M.D. op AmazonDeel 5: Star Trek: The Next Generation op Netflix
Deel 1: Südafrika: Queen Sono op NetflixDeel 2: Tierkei: The Protector op NetflixDeel 3: Israel: Beauty and the Baker op AmazonDeel 4: Indien: Made in Heaven op AmazonDeel 5: Korea: Vagabond op Netflix