D'Woch op RTLD'Nouvellen, déi d'Leit beweegt hunn

Kevin Kayser
Sarah Cames
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.

Kiffen (am privaten) soll net méi verbuede sinn
E Mëttwoch huet d’Chamber de Gesetzprojet ugeholl, mat deem den Ubau doheem wéi och de Cannabis-Konsum am private Raum wäert dekriminaliséiert ginn.

Ee Parteiwiessel an ee Parteiaustrëtt suerge fir Opreegung

Zu Monnerech huet iwwerdeems dës Woch ee Parteiwiessel fir Onmutt gesuergt. Datt d’Christine Schweich kuerz no de Walen iwwerraschend vun der LSAP bei d’DP gaangen ass, hätt d’Vertrauensbasis aus de leschte Jore gestéiert, esou de Buergermeeschter Jeannot Fürpass.

Vum adr-Deputéierte Roy Reding war et e Freideg déi iwwerraschend Matdeelung, datt hien aus der Partei austrëtt. Hien huet ee “flagrante Vertrauensentzuch” als Grond genannt. Seng fréier Partei sot iwwerdeems an engem Communiqué, d’adr hätt de Roy Reding wéinst Absenteismus warscheinlech net méi mat op d’Lëscht fir d’Chamberwalen am Hierscht geholl.

Läich am Bësch fonnt

D’Police huet da matgedeelt, dat um Houwald eng Läich fonnt gouf. Eng Obduktioun gouf ordonéiert, Friemawierkung konnt bis ewell awer net festgestallt ginn.

Wagner-Opstand destabiliséiert Russland

Am Internationale war et dës Woch virun allem d’News vun der Rebellioun vun de Wagner-Truppen an déi méiglech Auswierkungen dovunner op de Krich an der Ukrain. Nodeems de Chef vun der russescher Söldnergrupp Jewgeni Prigoschin seng Kämpfer vum Marsch op Moskau zeréckgepaff huet, ass hien am Belarus ënnergetaucht.

Déidleche Schoss op en Teenager

A Frankräich gouf et dës Woch eng ganz Rei Ausschreidungen, nodeems ee 17 Joer ale Jugendlechen bei enger Policekontroll erschoss gouf. De Polizist, deen de Schoss soll ofginn hunn, sëtzt antëscht an Untersuchungshaft.

Net ganz virbildleche Buergermeeschter

De stellvertriedende Buergermeeschter vun Helsinki gouf nom “Midsommar"-Fest dobäi erwëscht, wéi hien an engem Zuch-Tunnel Graffiti gesprayt huet. Hien huet sech fir de Feeltrëtt entschëllegt. Der finnescher Bunn no huet et eng 3 Stonne gedauert, bis de Graffiti nees vun der Mauer fort war.

Éischten touristesche Weltraumfluch

Hutt Dir eng 400.000 Euro ze vill an der Täsch an keng Loscht, schonn nees op d’Belsch Plage ze fueren? Da kéint Dir alternativ domat och ee klengen Dagesausfluch an de Weltraum woen. Dësen Donneschdeg konnten déi éischt Weltraumtouriste mat Virgin Galactic an der Schwief ee Bléck op d’Äerd geheien.

Kuriéis Medail op de European Games

D’Vera Hoffmann krut nodréiglech eng Sëlwermedail als Unerkennung fir hiert aktuellt Resultat, well zum Schluss e Klassement iwwert d’Courssen aus de 6 Deeg gemaach gouf.

Pre-Selektioun fir de Eurovision Song Contest

No méi wéi 30 Joer ass et nees esou wäit: Kënschtler kënne vun e Méindeg u kandidéieren, fir beim Eurovison Song Contest 2024 a Schweden fir Lëtzebuerg unzetrieden.

Petitnicolas bereet, Verantwortung zu Wolz ze iwwerhuelen

Invité vun der Redaktioun war dëse Freideg déi zukünfteg Buergermeeschtesch vu Wolz am Studio. Si huet kloer gestallt, datt d’Wieler an hirer Gemeng mat hirem Vott e Wiessel wëllen a si an hir Ekipp bereet wieren, dës Aufgab unzehuelen.

Back to Top
CIM LOGO