An eiser Serie iwwert d’Lëtzebuerger Sportler a Corona-Zäiten dréint sech am 34. Deel alles ëm de Cyclissem.

Den Tom Wirtgen bréngt mat senge 24 Joer schonn e bësse méi Erfarung mat sech wéi säi Brudder Luc, dee mat 21 Joer ee vun de ganz jonke Coureuren an internationale Profipeloton ass. Allebéid fuere se fir d'Ekipp Bingoal Wallonie Bruxelles. Den Tom huet a senger Karriär schonn dacks Réckschléi missen astiechen, an dat war ugangs dëser Saison net anescht.

Nach ouni Kontrakt fir déi nächst Saison ass et verständlecherweis besonnesch elo net evident, den 1.91 Meter grousse Baroudeur bleift awer optimistesch a preparéiert sech seriö op den Hierscht vir.

Fir de Luc ass et e bëssen anescht. Mat sengen nëmmen 63 Kilo kënnt hie gutt iwwer d'Bierger a freet sech besonnesch op d'Ardenne Klassiker, déi hie sech als Zil gesat huet. Als Neo-Profi huet hien och fir d'nächst Joer nach Sécherheet a fënnt och, datt d'Ekipp an dëser Kris gutt kommunikéiert.

Bis d'Courssë sollen ugoen, ass nach e bëssen Zäit. Bis dohi wäert een déi 2 nach dacks op de Lëtzebuerger Stroosse beim Training begéinen.

D'Serie "Sportler a Corona-Zäiten am Replay" am Replay