
D’Teresa Mendoza schafft als Geldwiesslerin zu Sinaloa a Mexiko, wéi se de Guero, en Drogendealer, kenneléiert. Si ginn eng Koppel an d’Teresa gëtt an déi héich Kreesser vum Vargas-Kartell agefouert. Wéi enges daags eng anonym Stëmm hir iwwer Telefon seet, datt si sech muss a Sécherheet bréngen, weess si, datt de Guero dout ass an de Kartell ënnerwee ass, fir si och ëmzebréngen.
Si reest illegal op Dallas, wou se vum Camila Vargas, der Fra vum Chef vum Kartell, gefaange gehale gëtt an engem vun hiren Zentre fir Mënschenhandel. Wéi d’Teresa soll drogéiert ginn, fir als Prostituéiert benotzt ze ginn, iwwerzeegt si d’Camila, datt se besser als Drogekuréier géif schaffen.
Vun do u schafft d’Teresa sech erop am Kartell, ëmmer op der Sich no méi Pouvoir, well datt dat eenzegt ass, wat hir et erlaabt, Kontroll iwwert hiert eegent Liewen ze halen an domat Sécherheet fir sech an hir Famill. Mä all Kéier, wa si mengt, elo hätt se endlech hir Rou, kënnt erëm eng nei a méi grouss Gefor, déi riskéiert, alles ze zerstéieren, wat si erreecht hat.
Déi véier éischt Staffelen sinn op Netflix disponibel, déi fënneft Saison sollt am Summer an Amerika ulafen, mä d’Produktioun huet wéinst dem Virus missten ënnerbrach ginn.
Deel 1: Absentia op AmazonDeel 2: Killing Eve op Apple +Deel 3: The Fall op Netflix
Deel 1: Most Beautiful Thing op Netflix
Deel 2: Gran Hotel op NetflixDeel 3: Outlander op Netflix
Deel 4: Spinning Out op Netflix
Deel 5: Home for Christmas op Netflix
Deel 1: The Alienist op NetflixDeel 2: Las Chicas del Cable op NetflixDeel 3: Mad Men op NetflixDeel 4: Brigada Costa del Sol op Netflix
Deel 5: The Americans op Netflix an Amazon
Deel 1: Supernatural op AmazonDeel 2: The good Wife op AmazonDeel 3: Shameless op AmazonDeel 4: House M.D. op AmazonDeel 5: Star Trek: The Next Generation op Netflix
Deel 1: Südafrika: Queen Sono op NetflixDeel 2: Tierkei: The Protector op NetflixDeel 3: Israel: Beauty and the Baker op AmazonDeel 4: Indien: Made in Heaven op AmazonDeel 5: Korea: Vagabond op Netflix