Weidert Urteelt an Affär LausduerMann, deen an Untersuchungshaft souz, kritt Entschiedegung

RTL Lëtzebuerg
Et gëtt e weidert Urteel an der Affär Lausduer, bei deem zwee Policeautoen aneneegerannt waren, dat mat déidleche Suitten.
© Domingos Oliveira (Archiv)

An der Nuecht vum 13. op de 14. Abrëll 2018 gouf et jo do en déidlecht Accident tëschent Policeautoen. Si ware wärend enger Course-poursuite vun engem Chauffer aneneegerannt, dee sech virun enger Kontroll wollt drécken an d’Kéier gemaach hat.

Dee Mann war vum 15. bis den 23. Abrëll zu Onrecht an Untersuchungshaft, esou d’Geriicht. Hien huet eng Demande op Schuedenersatz gemaach an där ass d’Geriicht elo nokomm, wann och net an där Héicht, déi de Mann gefrot hat.

Hien hat säi Schued op 25.355 Euro chiffréiert an eng Entschiedegung fir d’Prozedur an Héicht vun 3.000 Euro gefrot. Déi 11. Kammer vum Stater Bezierksgeriicht kënnt zur Conclusioun, datt d’Fuerderung no Schuedenersatz deelweis fondéiert ass. Deemno kritt hien eng Entschiedegung vun 6.855,50 Euro an eng Indemnitéit fir d’Prozedur vu 500 Euro.

D’Chambre du Conseil vun der Cour d’appel hat am Oktober 2021 en non-lieu zeréckbehalen, fir d’Reproche vum onfräiwëllegen Doudschlag an onfräiwëlleger Gewalt.

Doud vu Polizist no Course-Poursuite: Parquet: Fuite an Alkohol zouginn, Mann ugeklot an am Prisong
Déidlech Course-Poursuite: 37 Joer ale Chauffer och wéinst Rebellioun beschëllegt
Lausduer: Nei Detailer nom déidlechen Accident mat Policeauto
Déidlechen Accident zu Lausduer: Flüchtege Chauffer an ee Police-Beamte goufen inculpéiert
Déidlechen Accident zu Lausduer: De Rapport d’Expertise läit vir
Déidlechen Accident vu Lausduer: All Rapporte vun Experten an Enquêteuren elo beim Parquet vun Dikrech
No Course-poursuite: Virun 3 Joer koum et zum déidlechen Accident op der N7 um Lausduer
Hëllef fir déi Hannerbliwwen: Wittfra vum Polizist vu Lausduer fillt sech eleng gelooss
Suivi Affär Lausduer: Ministère fir bannenzegt Sécherheet reagéiert op Virwërf
Lausduer: Reprochë vun onfräiwëllegem Doudschlag géint Chauffeur goufe fale gelooss
Prozess mat 2 Ugekloten: Wien dréit Matschold um Accident um Lausduer viru 4 Joer?
Um Lausduer: Um 1. Dag vum Prozess goung et vill ëm d’Vitess bei der Course-Poursuite
2. Dag vum Lausduer-Prozess: “Frank, wat mëss de?”, war de Saz kuerz virun der Kollisioun
3. Dag vum Lausduer-Prozess: Parquet fuerdert Geldstrof vun 1.000€ an 2 Joer Fuerverbuet géint de Chauffer
4. Dag vum Lausduer-Prozess: Fro iwwer Responsabilitéit vum Strofgeriicht bleift ze klären
Lausduer-Prozess: Polizist fräigesprach, ugeklote Chauffer krut Fuerverbuet op Sursis a Geldstrof
6 Joer nom Accident um Lausduer: Policebeamtin ass elo gestuerwen

Back to Top
CIM LOGO