Serie Sportler a Corona-Zäiten (35)De Sören Nissen sollt de 15. Mäerz a Südafrika un den Depart goen

Tim Hensgen
An eiser Serie iwwert d’Lëtzebuerger Sportler a Corona-Zäiten dréint sech am 35. Deel alles ëm de Marathon Mountenbike.
Serie Sportler a Corona-Zäiten (34)
De Sören Nissen war déi leschten 2 Méint zu Lëtzebuerg an huet Zäit genotzt, sech fir ze halen an Zäit mat Famill a Frënn ze verbréngen.

De Sören Nissen gehéiert zu den 10 beschte Marathon-Mountainbiker op der Welt. De Lëtzebuerger Champion huet sech de ganze Wanter iwwer op den Héichpunkt vu senger Saison preparéiert. De gebiertegen Dän wollt am Mäerz bei deem gréisste Mountainbike-Event op der Welt op den Depart goen. Dozou ass et wéinst dem Coronavirus net komm. Domadder ass dem Sören Nissen seng sportlech Karriär a Gefor.

Déi éischt 4 Joer vu senger Karriär ass de Sören Nissen op der Strooss, ënnert anerem och fir Team Déifferdeng gefuer. Zanter 2012 konzentréiert sech den Athlet aus dem COSL-Elittekader awer ganz op de Mountainbike an trëtt zanter der Saison 2018 och mam lëtzebuergesche Maillot un.

Virun allem op der Marathondistanz huet de Sören Nissen an de leschten 2 Joer vill Victoirë gesammelt. Dofir wollt hie bei der gréisster Mountainbikecourse op der Welt, der Cape Epic op sech opmierksam maachen. De Sören Nissen sollt de 15. Mäerz zesumme mam belsche Champion Frans Claes a Südafrika un den Depart goen: "Mir haten eis gutt preparéiert a waren och sou gutt a Form, fir e gutt Resultat ze maan. Den Organisateur huet eréischt den Dag virum Depart déi ganz Course ofgesot. An dunn war et natierlech stresseg. Wat seet een de Sponsoren? Wat soe mer elo de Léit, déi an eis investéiert hunn?"

D'Course sollt fir de Sören Nissen de sportlechen Highlight ginn, mä et wier och e wichtegt Event fir seng Sponsore gewiescht. Den Duo Nissen/Claes sollt nämlech vun der belscher Chaine Sporza suivéiert ginn.

De Sören Nissen war déi leschten 2 Méint zu Lëtzebuerg an huet Zäit genotzt, sech fit ze halen an Zäit mat Famill a Frënn ze verbréngen. Seng Zukunft als Eemannbetrib steet awer an de Stären: "Et ass net einfach eens ze ginn. Et weess een net wat kennt an et kann ee sech keng Ziler setzen. An du kanns denge Sponsoren näischt zeréckginn. Dat ass de gréisste Problem."

De Sören Nissen probéiert sech net verreckt ze maachen. Mä natierlech kann de 35 Joer ale Profi nëmme kleng Erfollegserliefnesser feieren. Wuel hat de fréiere Cyclocrosschampion de Virdeel, dobausse kënnen ze trainéieren, mä d'Situatioun bleift weider schwéier: "Et weess kee wei et weider geet. D'UCI huet wuel gesot, dass d'Coursë villäicht erëm am August kënne gefuer ginn, mä kee weess et genee."

Et kann ee just hoffen, dass et geschwënn erëm lass geet an de Sören Nissen d'Chance kritt, net nëmmen d'Faarwe vu sengem Land, mä och déi vu senge Sponsoren op déi gréisste Mountainbikecourse vun der Welt kënnen ze vertrieden.

D'Serie "Sportler a Corona-Zäiten am Replay" am Replay

Serie Sportler a Corona-Zäiten (34): Tom Wirtgen bereet sech op d'Hierschtsaison vir Serie Sportler a Corona-Zäiten (33): Eric Wagner hofft op 2. Participatioun beim Ironman Hawaii Serie Sportler a Corona-Zäiten (32): Eng aussergewéinlech éischt Saison fir de Michel Ries bei Trek-SegafredoSerie Sportler a Corona-Zäiten (31): Gil Linster: Virtuell Coursse bidde wichteg Trainingsméiglechkeeten Serie Sportler a Corona-Zäiten (30): Ralph DiseviscourtSerie Sportler a Corona-Zäiten (29): Michel Erpelding huet grouss Ambitioune fir d'Zäit no der KrisSerie Sportler a Corona-Zäiten (28): Eva Daniëls: Triathletin hofft, dëst Joer nach e puer Coursse kënnen ze maachenSerie Sportler a Corona-Zäiten (27): Den Dylan Pereira feiert eng virtuell Victoire Serie Sportler a Corona-Zäiten (26): De Jakob Fuglsang verbréngt seng Zäit den Ament zu Lëtzebuerg Serie Sportler a Corona-Zäiten (25): Leandro Barreiro: Training "à huis clos" an der BundesligaSerie Sportler a Corona-Zäiten (24): Bob Jungels hält sech mat speziellen Übungen a Vëlofuere fitSerie Sportler a Corona-Zäiten (23): Bob Bertemes: wéi trainéiert en Elittesportler a Quarantän? Serie Sportler a Corona-Zäiten (22): Kee Lockdown a Schweden, dofir kann den Eric Glod weider trainéierenSerie Sportler a Corona-Zäiten (21): Alex Kirsch profitéiert den Ament, doheem ze sinn Serie Sportler a Corona-Zäiten (20): Den Triathlet Bob Haller wot en Neiufank Serie Sportler a Corona-Zäiten (19): D'Sarah de Nutte trainéiert lo Servicer um Späicher Serie Sportler a Corona-Zäiten (18): D'Lis Fautsch an de Flavio Giannotte hunn et schwéier den Ament Serie Sportler a Corona-Zäiten (17): Julie Meynen bleift wärend der Kris an den USA Serie Sportler a Corona-Zäiten (16): Mandy Minella wëllt ënner dëse Konditiounen hirer Karriär keen Enn setzen Serie Sportler a Corona-Zäiten (15): Ben Gastauer ass frou doheem ze sinn, mécht sech awer Suergen ëm d'ZukunftSerie Sportler a Corona-Zäiten (14): Tom Habscheid huet e puer Lächer méi am GaartSerie Sportler a Corona-Zäiten (13): Keng einfach Zäit fir d'EkippesportlerSerie Sportler a Corona-Zäiten (12): Karate - Gezwonge Paus positiv an negativSerie Sportler a Corona-Zäiten (11): Danel Sinani krut gutt Nouvellen an dëse schwéieren ZäitenSerie Sportler a Corona-Zäiten (10): D'Anne Simon ass zeréck aus den USA Serie Sportler a Corona-Zäiten (9): Fir d'Christine Majerus muss de Sport elo Niewesaach sinnSerie Sportler a Corona-Zäiten (8): De Laurent Jans iwwer d'Situatioun beim Bundesliga-VeräinSerie Sportler a Corona-Zäiten (7): De Julien Henx schafft weider u sengem groussen Zil Serie Sportler a Corona-Zäiten (6): De Ken Diederich betreit seng Schüler elo iwwer Internet Serie Sportler a Corona-Zäiten (5): Nadia Mossong: Mam Coronavirus och d'Enn vun der Profi-Karriär? Serie Sportler a Corona-Zäiten (4) : Vera Hoffmann a Charel Grethen: Trainingslager oofgebrach Serie Sportler a Corona-Zäiten (3): Raphael Stacchiotti: Training a Quarantän Serie Sportler a Corona-Zäiten (2): Dan Lorang: Nieft de Sportler hunn d'Traineren et och net einfach Serie Sportler a Corona-Zäiten (1): De Kamil Rychlicki iwwer seng aktuell Situatioun an Italien

Back to Top
CIM LOGO