
D’Carrie Mathieson ass eng Agentin vum CIA, déi fir den Anti-Terrorismus-Departement schafft. Wéi en US-Zaldot, den Nicholas Brody, dee jorelaang a Gefaangenschaft am Irak war, endlech fräigelooss gëtt, gleeft si net un en Zoufall.
De Brody gëtt als Held gefeiert, wéi hien Heem kënnt, mä a Wierklechkeet huet hie Schwieregkeeten, sech a sengem ale Liewen erëmzefannen. Seng Fra huet e Frënd, seng Kanner sinn an der Tëschenzäit Teenager ginn an e leit ënner post-traumateschem Stress-Syndrom.
D’Carrie selwer ass manesch-depressiv a steigert sech ëmmer méi an déi Iddi eran, datt de Brody en Doppelagent ass, vun den Terroriste géint säin eegent Land programméiert. Wärend hirer Enquête kënnt si him méi no. wéi si soll. Dat féiert hire Chef Saul Berenson dozou, hir chaotesch Aart a Weis a Fro ze stellen.
D’Claire Danes, wat als Teenager a “My so-called Life” gespillt huet, ass brillant als Carrie Mathieson, eng Fra déi mat hirer eegener Psyche ze kämpfen huet. Wëll se an hire manesche Phasen Zesummenhäng erkennt, déi se normalerweis net géif gesinn, hält se op, hir Medikamenter ze huelen a provozéiert domat eng psychotesch Kris. Iwwerdeems kämpft den Nicholas Brody géint seng eegen Dämonen an et bleift bis zum Schluss onsécher, zu wéi enger Säit hie gehéiert.
Homeland ass 2011 ugaangen, dee leschten Episod vun der aachter a leschter Saison kennt den 26th Abrëll op der amerikanescher Tëlee. Déi éischt siwe Staffele sinn disponibel op Amazon.
Deel 1: Absentia op AmazonDeel 2: Killing Eve op Apple +Deel 3: The Fall op NetflixDeel 4: Queen of the south op Netflix
Deel 1: Most Beautiful Thing op Netflix
Deel 2: Gran Hotel op NetflixDeel 3: Outlander op Netflix
Deel 4: Spinning Out op Netflix
Deel 5: Home for Christmas op Netflix
Deel 1: The Alienist op NetflixDeel 2: Las Chicas del Cable op NetflixDeel 3: Mad Men op NetflixDeel 4: Brigada Costa del Sol op Netflix
Deel 5: The Americans op Netflix an Amazon
Deel 1: Supernatural op AmazonDeel 2: The good Wife op AmazonDeel 3: Shameless op AmazonDeel 4: House M.D. op AmazonDeel 5: Star Trek: The Next Generation op Netflix
Deel 1: Südafrika: Queen Sono op NetflixDeel 2: Tierkei: The Protector op NetflixDeel 3: Israel: Beauty and the Baker op AmazonDeel 4: Indien: Made in Heaven op AmazonDeel 5: Korea: Vagabond op Netflix