Fantasy Serien (1)Good Omens (Amazon)

RTL Lëtzebuerg
Feeën an Hexen, Engelcher an Dämonen, Zauberer a Monsteren. Eng gutt Fantasy Geschicht entféiert een an eng aner Welt an däer Magie net ëmmer gutt ass.

„Good Omens“ war ursprénglech e Buch, dat aus enger Kollaboratioun vun zwee Schrëftsteller, dem Terry Pratchett an dem Neil Gaiman, als Parodie op de biblesche Weltënnergang entstanen ass.

Den Engel Aziraphale an den Dämon Crowley kenne sech zanter dem Paradäis. U sech si se Feinden, mä wann ee sech esou laang kennt, wéi si, gëtt een zu Kolleegen. Sie hunn an der Tëschenzäit eng gutt Aarbechtsbezéiung opgebaut, wou souguer deen een dem aneren mol eng Hand mat upéckt, wann et sech ergëtt.

Deen Dag wou de Crowley awer vu sengem Chef den Uerder kritt den Antichrëscht, dee soll an engem kléngen englesche Spidol als Bouf vun engem amerikaneschen Diplomat op d’Welt kommen, ze fannen, kréien hien an den Aziraphale e Problem.

Déi zwee fannen nämlech dat et sech ganz gutt lieft ënnert de Mënschen an duerfir decidéieren si kuerzerhand, de Bëbee ze vertauschen. Wat natierlech schif geet.

Wéi déi verschidde Parteien den Antichrëscht erëmfannen a wéi de Weltënnergang schlussendlech verhënnert gëtt, gëtt hei op eng heiansdo ganz philosophesch a witzeg Aart a Weis beschriwwen, exzellent gespillt vum Martin Sheen an dem David Tennant.

Iwwregens ass “Good Omens” disponibel op Amazon, net op Netflix, wéi eng amerikanesch chrëschtlech Organisatioun gemengt hat. Sie haten nämlech eng Online Petitioun géint Netflix gemaach, fir ze verhënneren dat “Good Omens” soll gewise ginn. Eng Situatioun, déi genau an den Humor vun der Sendung passt.

D’Deeler aus “Weiblech Actionhelden”

Deel 1: Absentia op AmazonDeel 2: Killing Eve op Apple +Deel 3: The Fall op NetflixDeel 4: Queen of the south op NetflixDeel 5: Homeland op Amazon

D’Deeler aus “Romantesch Serien”

Deel 1: Most Beautiful Thing op Netflix

Deel 2: Gran Hotel op NetflixDeel 3: Outlander op Netflix

Deel 4: Spinning Out op Netflix

Deel 5: Home for Christmas op Netflix

D’Deeler aus “Serien aus der gudder aler Zäit

Deel 1: The Alienist op NetflixDeel 2: Las Chicas del Cable op NetflixDeel 3: Mad Men op NetflixDeel 4: Brigada Costa del Sol op Netflix

Deel 5: The Americans op Netflix an Amazon

D’Deeler aus “Serië fir e Marathon”

Deel 1: Supernatural op AmazonDeel 2: The good Wife op AmazonDeel 3: Shameless op AmazonDeel 4: House M.D. op AmazonDeel 5: Star Trek: The Next Generation op Netflix

D’Deeler aus “Serien aus anere Kulturen”

Deel 1: Südafrika: Queen Sono op NetflixDeel 2: Tierkei: The Protector op NetflixDeel 3: Israel: Beauty and the Baker op AmazonDeel 4: Indien: Made in Heaven op AmazonDeel 5: Korea: Vagabond op Netflix

Back to Top
CIM LOGO