De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.

Gerson Rodrigues vun der Nationalekipp ausgeschloss

Nodeems de Gerson Rodrigues am Juni nach fir zwee Frëndschaftsmatcher am Nationalkader stoung, koum no hefteger Kritik dës Woch d’Decisioun vun der FLF, hien elo awer op onbestëmmten Zäit aus der Nationalekipp auszeschléissen.

"Mir hunn op de Gerson gezielt, fir asiichteg ze sinn", esou den FLF-President Paul Philipp, ma dat wier wuel net geschitt. De Futtballer, dee wéinst haislecher Gewalt zu 18 Méint op Sursis verurteelt gi war, huet iwweregens antëscht an Thailand een neie Veräin fonnt.

Jonken Nowuessspiller stierft an trageschem Zuchaccident

E Mëttwoch den Owend koum et op der Leidelenger Gare zu engem trageschen Accident. Géint 19.15 Auer koum d'Meldung, datt eng Persoun vum Zuch erfaasst gi wier. Fir de 16 Joer ale Jong, en Nowuessspiller vum FC Luxembourg City, koum all Hëllef ze spéit. Wéi genee et zum Virfall konnt kommen, soll elo eng Enquête klären.

Caritas-Spezialkommissioun "beduckst"?

No der BIL d’lescht Woch war et dës Woch d’Spuerkeess, déi an de de Schlagzeile stoung. Hei goung et ëm Lacunnen an hirem Dispositif géint Geldwäsch an Terrorfinanzéierung.

D’LSAP an déi Lénk hunn der Spuerkeess virgeworf, der Caritas-Spezialkommissioun d’Informatioun virenthalen ze hunn, datt d’Bankenopsiicht hinnen dowéinst eng Strof vu bal 5 Milliounen Euro géif ginn. D’Spuerkeess argumentéiert dogéint, datt d’Amende näischt mat der Fraude bei der Caritas ze dinn hätt.

No dräi Amendë wéinst Verstéiss géint a Manquementer bei de regulatoreschen Ufuerderungen ënner hirer Direktioun denkt d’Françoise Thoma awer net drun, ze demissionéieren:"Ech wëll déi Bank hei an d’Zukunft féiere mat menger Ekipp."

Mamm aus Lëtzebuerg spréngt mat hirem Puppelchen an den Doud

E Freideg gouf et eng traureg Nouvelle aus der Belsch. Eng 33 Joer al Mamm aus Lëtzebuerg ass vum Viaduc vu Remouchamps an d'Déift gesprongen, mat hirem Puppelche vun ënner engem Joer an den Äerm. D’Motiv vun dësem tragesche Geste ass nach net gekläert. De Parquet vu Léck schwätzt vun engem Mord mat uschléissend engem Suicide.

Leit, déi suizidär Gedanken hunn, kënnen Hëllef bei SOS Détresse um Telefon 45 45 45 kréien. All Informatioune fënnt een op www.prevention-suicide.lu.

Netanjahu wëll d'Gazasträif besetzen

Am Krich am Noen Oste gouf et dës Woch eng gréisser Entwécklung. Israel wëll d’Stad Gaza anhuelen an d’Gazasträif entmilitariséieren. Aktuell kontrolléiert déi israeelesch Arméi schonn ongeféier 75 Prozent vum Gebitt. Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu hat virdru schonn an engem Interview mam US-Sender Fox News confirméiert, datt Israel d'Kontroll iwwer déi komplett Gazasträif iwwerhuele wëll. Dat allerdéngs net permanent, mee temporär.

Am Krich an der Ukrain war et dann dës Woch d’Nouvelle, datt den US-President Trump an de russesche President Putin geschwë fir Gespréicher solle beienee kommen. Ob den ukrainesche President Selenskyj wäert derbäi sinn, ass iwwerdeems nach net kloer.

Sexuell Attack um Picadilly

Op engem Stater Geriicht ass e Polizist wéinst enger sexueller Attack um Wäifest Picadilly d’lescht Joer verurteelt ginn. D’Urteel an éischter Instanz gesäit 15 Méint Prisong mat Sursis an eng Geldstrof vir. E Fall vu Vergewaltegung vun enger Mannerjäreger um nämmlechte Fest gouf iwwerdeems ad acta geluecht, well keen Täter konnt ermëttelt ginn. De Parquet général wäert den Dossier awer nach emol analyséieren.

Dëse Weekend gëtt d'Wäifest zu Stadbriedemes iwwerdeems nees ofgehalen. D'Preparatioune fir de Picadilly, an den e-Lake zu Iechternach, lafen op Héichtouren.

Laang Waardezäite bei der Diagnos vu Kriibs 

Ronn 3.400 Leit kréien hei zu Lëtzebuerg all Joer d'Diagnos Kriibs. Fir eng Diagnos stellen ze kënnen, mussen awer fir d'éischt Analysen an de Laboe vum LNS gemaach ginn. Vill Onkologe bekloen allerdéngs, datt d’Delaie vun dësen Analysen zu Lëtzebuerg ze laang wieren. Waart een am Ausland eng Woch, sinn et hei am Land och emol dräi. Dëst wier fir d'Patienten och eng onheemlech psychesch Belaaschtung: "Et ass d’Problematik vum Waarden, vun där Ongewëssheet an der Onsécherheet: Wéi plangen ech meng nächst Méint? Wat fir eng Behandlung? Muss ech an d’Bestralung oder net?"

Zéngdausenden Hoteller verkloe "Booking.com"

Zéngdausenden Hoteller uechter Europa - an och zu Lëtzebuerg - fuerdere vu "Booking.com" Schuedenersatz, well si jorelaang Präisser vun der Rees-Plattform imposéiert kruten. Den Europäesche Geriichtshaff hat d'lescht Joer decidéiert, datt sougenannte Bescht-Präis-Klausele géint d’Kartellrecht verstoussen. Ma mat genee esou Klausele verflicht Booking d’Hoteller, hir Zëmmeren néirens méi bëlleg unzebidden - och net um eegene Website.