De Westen zu Washington, en GPS-Tracker an engem Petzi a Startschoss fir d'Fouer
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.
No Alaska dës Woch Washington
D'lescht Woch huet d'Welt op Anchorage gebléckt, wou sech den US-President Trump an de russesche President Putin gesinn hunn. Dëse Méindeg gouf et dann de Suivi vun där Entrevue.
Den ukrainesche President Selenskyj a seng europäesch Alliéiert hu sech mam US-President Trump an der amerikanescher Haaptstad getraff. Och wann de Bilan allgemeng positiv war, vill Konkretes koum deen Dag net eraus. De Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel huet sech trotzdeem "virsiichteg optimistesch" gewisen, ma huet och zouginn, hie wéisst net, wéi et géing weidergoen.
Och Beweegung am Krich am Noen Osten
Dat israeelescht Militär preparéiert aktuell seng Offensiv op Gaza City. Gläichzäiteg sollen awer och Verhandlunge fir en Enn vum Krich an d’Fräiloosse vun den israeelesche Geiselen opgeholl ginn. D’Hamas hat e Méindeg schonn e Virschlag fir eng Wafferou ugeholl.
Weider Updates zu dësen an aneren internationalen Noriichte fannt Dir an eisem Liveticker.
Jeff Strasser gëtt neien Nationaltrainer
Nodeems déi lescht Wochen de Gerson Rodrigues an de Luc Holtz d'Schlagzeilen dominéiert hunn, war et en Dënschdeg een neien Numm, dee vun der FLF an d'Schlagzeile katapultéiert gouf: de Jeff Strasser gëtt neien Nationaltrainer. "Et ass eng nei Erausfuerderung, déi ech mat grousser Freed a Stolz uginn", esou de fréiere Profi.
A senger aktiver Karriär huet hie selwer 98 Matcher fir d’Rout Léiwe gespillt. Säin éischte Gol an der Selektioun huet de Jeff Strasser iwweregens am Joer 2000 no enger Virlag vu sengem Virgänger Luc Holz markéiert.
Onheemleche Virfall zu Tréier
En Dënschdeg huet een 10 Joer aalt Meedche seng Mamm alertéiert, nodeems een eelere Mann hatt an engem Stadbus ugeschwat hat. Der Polizeidirektion Trier no huet sech de Mann am Bus nieft d'Meedche gesat an huet dem Kand ee Schlësselunhänger mat engem klenge Petzi dru geschenkt. Wéi d'Kand sech den Unhänger duerno méi genee ugekuckt huet, huet et en GPS-Tracker am Petzi fonnt. D'Mamm ass bei d'Police gaangen, déi de 64 Joer ale Mann dann och duerch Videoopnamen identifizéiere konnt.
D'Fouer geet lass!
Schonn eng Zäitche gëtt um Glacis gezëmmert a gehummert – elo ass et endlech esouwäit: d'Fouer geet lass! E Freideg ëm 17 Auer ass de Startschoss fir déi gréisste Kiermes an der Groussregioun. Nach bis den 10. September kann een d’Schueberfouer mat hire sechs neie Spiller a fënnef neien Iessbuden entdecken.
213 Foraine sinn um Glacis mat derbäi. Nei ass dëst Joer iwweregens, datt de Familljendag op zwee Deeg opgedeelt ass: een Dag fir d'Spiller an ee fir d'Iessbuden. Wat d'Präisser ugeet, esou wier datt iwwerdeems kee "spezifesche Fouer-Problem", seet de Fouermeeschter Laurent Schwaller.
Lëtzebuerger Musekswelt an Trauer
De Lëtzebuerger Batteur a Gittarist Chris Belardi ass am Alter vun nëmmen 43 Joer gestuerwen. De Museker, deen och Schoulmeeschter war, huet direkt bei enger Rei Bands matgespillt.
Nei Logement-Alternative fir Studenten zu Lëtzebuerg
Mat ronn 1.000 Zëmmer, déi d’Uni zur Verfügung huet, ka si just 16 Prozent vun der Demande decken. Et feelt also grad fir déi Jonk u bezuelbarem Wunnraum. Fir datt d'Zäit op der Uni awer net just mat der Sich no Logement verbruecht gëtt, hunn d'Clémentine Offner an den Ivo Silva, déi och studéieren, de Start-Up "We Connect" gegrënnt. Si vermëttele jonk Leit op der Wunnengssich u Privatleit, déi en Zëmmer bei sech fräi hunn a bereet wieren, e Student bei sech opzehuelen.
Polizist stierft no Schëss zu Völklingen am Saarland
Zu Völklingen am Saarland, net wäit vun der Lëtzebuerger Grenz ewech, ass en Donneschdeg ee 34 Joer ale Polizist no engem Iwwerfall op eng Tankstell vum presuméierten Täter erschoss ginn. De Verdächtege selwer ass eréischt 18 Joer al an huet wuel mat der Déngschtwaff vun engem Beamte geschoss.