
No engem Roman vum mexikanesche Schrëftsteller Francisco Haghenbeck, erzielt “Diablero” d’Geschicht vum Diablero Elvis Infante, wéi en dem Ramiro Venturo, engem jonke Paschtouer, hëlleft, seng jonk Duechter, wat vun engem Dämon gekidnappt ginn ass, erëmzefannen.
D’Nancy Gama, eng jonk Fra, déi Dämone kann afänken, an dem Elvis seng Schwëster Keta, déi och eng Santera-Hex ass, maache sech mat op d’Sich nom klenge Meedchen.
“Diablero” gläicht anere Serien wéi “Supernatural” an “Buffy the Vampire Slayer”, mä bréngt et trotzdeem fäerdeg, e ganz eegene Stil z’entwéckelen, wëll se an enger Stad an an enger Kultur spillt, vun där ee soss net vill matkritt.
Hei gëtt eng Welt gewisen, an där illegal Dämonekämpf ausgedroe ginn, archaesch südamerikanesch Rituale befollegt ginn a wou d’kathoulesch Kierch deem ganze nokuckt a seng eegen Ziler duerchsetzt.
D‘Spezialeffekter si gutt gemaach, mä virun allem gëtt d’Serie engem och en aneren Abléck an eng Stad, déi ee soss just aus Drogeserien als gewalttäteg a kriminell kennt. Hei gëtt se als Plaz gewisen, an där normal Leit zesumme liewen an iessen, an alen an zerfale Gebaier, iwwerdeems se souwuel hier eegen, ënnerlech Dämonen, wéi och ganz reell Monstere musse bekämpfen.
“Diablero” ass disponibel op Netflix.
Deel 1: Absentia op AmazonDeel 2: Killing Eve op Apple +Deel 3: The Fall op NetflixDeel 4: Queen of the south op NetflixDeel 5: Homeland op Amazon
Deel 1: Most Beautiful Thing op Netflix
Deel 2: Gran Hotel op NetflixDeel 3: Outlander op Netflix
Deel 4: Spinning Out op Netflix
Deel 5: Home for Christmas op Netflix
Deel 1: The Alienist op NetflixDeel 2: Las Chicas del Cable op NetflixDeel 3: Mad Men op NetflixDeel 4: Brigada Costa del Sol op Netflix
Deel 5: The Americans op Netflix an Amazon
Deel 1: Supernatural op AmazonDeel 2: The good Wife op AmazonDeel 3: Shameless op AmazonDeel 4: House M.D. op AmazonDeel 5: Star Trek: The Next Generation op Netflix
Deel 1: Südafrika: Queen Sono op NetflixDeel 2: Tierkei: The Protector op NetflixDeel 3: Israel: Beauty and the Baker op AmazonDeel 4: Indien: Made in Heaven op AmazonDeel 5: Korea: Vagabond op Netflix