Abrëllsgeck a Faktencheck-Dag, nei Taxen aus den USA an déidlech Accidenter
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.
Aus "Kennedy" gëtt "Trump"
Den Uerder kënnt aus dem Wäissen Haus: Iwwerall op der Welt muss aus "Kennedy" elo "Trump" ginn. Esou och am Grand-Duché, wou ënner anerem d'Avenue John F. Kennedy an Zukunft Avenue Donald J. Trump wäert heeschen! Ma och nach mat anere Storye gouf probéiert, fir Iech um 1. vun dësem Mount fir domm ze verkafen. Gouft Dir vun enger dovunner an den Abrëll geschéckt?
Vum Poisson d'Avril bei de Faktencheck
Nodeem jidderee probéiert huet, fir Iech um 1. vum Mount an den Abrëll ze schécken, war et den Dag Drop un de Faktenchecken. Op RTL hate mir d'User an d'Nolauschterer opgeruff, fir eis hir Proposen eranzeschécken. Mir hunn ënner anerem erausfonnt, wat et mat de 40 Milliounen Euro pro Joer, fir aus Lëtzebuerg eng offiziell EU-Sprooch ze maachen, op sech huet an hunn déi blo Valorlux-Tuten net an d'Verbrennungsanlag gehäit. Ob dann all Joer effektiv zwou Millioune Leit op d'Fouer kommen, dozou krute mer bis ewell keng Erklärunge vun der Ville de Luxembourg.
Leider keen Abrëllsgeck: Trump annoncéiert weider Importtaxen
Mëtt der Woch koum dann och d'Annonce, datt d'USA nees Stroftaxe fir quasi jiddereen aféieren, sief dat Europa, Asien, d'Nopeschlänner oder Inselen, wou kee lieft. Vill Länner bedaueren dëse Schratt, hunn awer scho Reaktiounen hirersäits ugekënnegt. Déi däitsch Bild-Zeitung huet quasi hir eege Léisung proposéiert: Europa muss de Jean-Claude Juncker nees op Visitt an d'USA schécken.
Drëtt Kéier US-President?
Och dat wëll den Donald Trump aktuell fir sech net ausschléissen. Et géif Mëttel a Weeër, dat ze maachen, ouni géint d'Konstitutioun ze verstoussen, esou den aktuellen US-President.
Geckege Schoulprojet gëtt Realitéit
De 14 Joer ale Yannis huet doheem am Keller säin eegenen Dragster zesummegebaut. Mat dësem reesen hien a seng Famill queesch duerch d'Welt, fir un de verschiddenste Courssen deelzehuelen.
Mëssstänn am Mudam
D'Directrice vum Mudam ass aggressiv mat hire Mataarbechter, huet sech net am Grëff, verbreet Chaos an Angscht. Dës Virwërf sinn d'Synthees vun enger Rei vu Plainten, déi Mataarbechter an deene leschten zwee Joer beim Conseil iwwer d’Directrice gemaach hunn. Dat geet aus Ënnerlagen ervir, déi RTL gesinn huet.
Vill Kritik un Decisioun vu franséischem Geriicht
D'Politikerin vum Rassemblement National Marine Le Pen gouf vun engem Geriicht an éischter Instanz wéinst dem Verontreie vun EU-Gelder zu véier Joer Prisong, dovun zwee op Sursis verurteelt. Weider kritt d'Fraktiounscheffin vum RN dat passiivt Walrecht fir fënnef Joer entzunn, dierft also net bei den nächste Presidentielle bei eisen Noperen untrieden. Grad dësen Deel vum Urteel suergt fir vill Kritik, dat aus de Reie vun anere franséische Parteien, ma och aus de verschiddenste Länner op er Welt oder vu Politik-Experten. Nach kann d'Le Pen géint dës Decisioun awer an Appell goen.
Zwee déidlech Tëschefäll am Land
En 19 Joer jonke Motocyclist huet en Accident tëscht dem Rollengergronn a Briddel net iwwerlieft. En Aarbechtsaccident mat engem Doudesaffer gouf et dann de Weekend bei Goodyear. Hannergrënn si wéineg bekannt, well de Pneueproduzent an d'Autoritéiten sech bis ewell bedeckt halen.
Wéi räich ass de Grand-Duc?
Wärend den Haff an d'Administration des Biens d'Zuelen, déi a Medieberichter den Tour maachen dementéieren, schwieft aktuell awer ee Montant an der Loft: 4 Milliarden Euro.