Serie Sportler a Corona-Zäiten (32)Eng aussergewéinlech éischt Saison fir de Michel Ries bei Trek-Segafredo

Tim Hensgen
An eiser Serie iwwert d’Lëtzebuerger Sportler a Corona-Zäite geet et am 32. Deel op de Vëlo.
Eng aussergewéinlech 1. Saison fir de Michel Ries als Profi
An eiser Serie iwwert d’Lëtzebuerger Sportler a Corona-Zäite geet et am 32. Deel op de Vëlo.

De Michel Ries fiert a senger éischter Saison bei Trek-Segafredo an huet seng gutt Grimpeurs-Qualitéite schonn dacks bewisen. Am Moment schafft de Profi-Coureur mam Wëssen, datt et Ufank August nees kéint lassgoen.

Mat sengen 22 Joer zielt de Michel Ries zu den Nowuesshoffnungen am Lëtzebuerger Vëlossport. Den 1,84 Meter groussen a mat 67 Kilogramm liichte Coureur huet schonn dacks bewisen, datt hien an de Bierger mat de Beschten a senger Alterskategorie ka rivaliséieren. A senger éischter WorldTour-Saison huet hie bis elo 13 Course-Deeg an de Been a fillt sech genee wéi säi Coequipier Alex Kirsch bei Trek-Segafredo an dëser sou spezieller Situatioun gutt encadréiert.

Besonnesch elo wou de Stress vun de Courssen net do ass, ass et wichteg, am Training gutt ze schaffen, ouni awer de Bou ze iwwerspanen. D’Lëtzebuerger Profie waren a sinn an der momentaner Situatioun sécher net benodeelegt a kënnen hei am Land gutt trainéieren.

Mam Course-Programm, deen en Dënschdeg publizéiert gouf, wäert et an den nächste Wochen deen een oder aner Austausch iwwer den néie Programm ginn. E Programm, dee bis Enn Mee nach méi komplett dierft ginn, wann och déi méi kleng Courssen an dee bis elo bekannte WorldTour-Kalenner mat afléissen.

D’Strade Bianche war déi Course, déi de Michel Ries virum Lockdown nach hätt solle fueren, elo gesäit et sou aus, wéi wann et den Optakt an den 2. Deel vun der Saison vum Coureur kéint ginn.

D’Serie “Sportler a Corona-Zäiten am Replay” am Replay

Serie Sportler a Corona-Zäiten (31): Gil Linster: Virtuell Coursse bidde wichteg Trainingsméiglechkeeten Serie Sportler a Corona-Zäiten (30): Ralph DiseviscourtSerie Sportler a Corona-Zäiten (29): Michel Erpelding huet grouss Ambitioune fir d’Zäit no der KrisSerie Sportler a Corona-Zäiten (28): Eva Daniëls: Triathletin hofft, dëst Joer nach e puer Coursse kënnen ze maachenSerie Sportler a Corona-Zäiten (27): Den Dylan Pereira feiert eng virtuell Victoire Serie Sportler a Corona-Zäiten (26): De Jakob Fuglsang verbréngt seng Zäit den Ament zu Lëtzebuerg Serie Sportler a Corona-Zäiten (25): Leandro Barreiro: Training “à huis clos” an der BundesligaSerie Sportler a Corona-Zäiten (24): Bob Jungels hält sech mat speziellen Übungen a Vëlofuere fitSerie Sportler a Corona-Zäiten (23): Bob Bertemes: wéi trainéiert en Elittesportler a Quarantän? Serie Sportler a Corona-Zäiten (22): Kee Lockdown a Schweden, dofir kann den Eric Glod weider trainéierenSerie Sportler a Corona-Zäiten (21): Alex Kirsch profitéiert den Ament, doheem ze sinn Serie Sportler a Corona-Zäiten (20): Den Triathlet Bob Haller wot en Neiufank Serie Sportler a Corona-Zäiten (19): D’Sarah de Nutte trainéiert lo Servicer um Späicher Serie Sportler a Corona-Zäiten (18): D’Lis Fautsch an de Flavio Giannotte hunn et schwéier den Ament Serie Sportler a Corona-Zäiten (17): Julie Meynen bleift wärend der Kris an den USA Serie Sportler a Corona-Zäiten (16): Mandy Minella wëllt ënner dëse Konditiounen hirer Karriär keen Enn setzen Serie Sportler a Corona-Zäiten (15): Ben Gastauer ass frou doheem ze sinn, mécht sech awer Suergen ëm d’ZukunftSerie Sportler a Corona-Zäiten (14): Tom Habscheid huet e puer Lächer méi am GaartSerie Sportler a Corona-Zäiten (13): Keng einfach Zäit fir d’EkippesportlerSerie Sportler a Corona-Zäiten (12): Karate - Gezwonge Paus positiv an negativSerie Sportler a Corona-Zäiten (11): Danel Sinani krut gutt Nouvellen an dëse schwéieren ZäitenSerie Sportler a Corona-Zäiten (10): D’Anne Simon ass zeréck aus den USA Serie Sportler a Corona-Zäiten (9): Fir d’Christine Majerus muss de Sport elo Niewesaach sinnSerie Sportler a Corona-Zäiten (8): De Laurent Jans iwwer d’Situatioun beim Bundesliga-VeräinSerie Sportler a Corona-Zäiten (7): De Julien Henx schafft weider u sengem groussen Zil Serie Sportler a Corona-Zäiten (6): De Ken Diederich betreit seng Schüler elo iwwer Internet Serie Sportler a Corona-Zäiten (5): Nadia Mossong: Mam Coronavirus och d’Enn vun der Profi-Karriär? Serie Sportler a Corona-Zäiten (4) : Vera Hoffmann a Charel Grethen: Trainingslager oofgebrach Serie Sportler a Corona-Zäiten (3): Raphael Stacchiotti: Training a Quarantän Serie Sportler a Corona-Zäiten (2): Dan Lorang: Nieft de Sportler hunn d’Traineren et och net einfach Serie Sportler a Corona-Zäiten (1): De Kamil Rychlicki iwwer seng aktuell Situatioun an Italien

Back to Top
CIM LOGO