Feeën an Hexen, Engelcher an Dämonen, Zauberer a Monsteren. Eng gutt Fantasy Geschicht entféiert een an eng aner Welt an däer Magie net ëmmer gutt ass.

The Witcher baséiert op enger Rei vu Fantasy Geschichte vum polneschen Auteur Adrzej Spakowski.

De Geralt vu Rivia ass e Witcher, dee magesch Kräften huet, fir op Juegd no iwwernatierleche Béischten ze goen. Op der Sich no Monsteren reit hie vun Duerf zu Duerf, woubäi hie sech ëmmer erëm muss wiere géint Leit, déi probéieren, hien an hier politesch Intrigen ze verwéckelen.

D’Cirilla “Ciri” ass eng Prinzessin op der Flucht virun de Rebellen, déi hir Elteren ëmbruecht hunn an elo op der Sich nom klenge Meedche sinn, fir hat och ze eliminéieren, fir dat si kënnen d’Land iwwerhuelen.

D’Yennefer vu Vengerberg ass eng Hex, déi dem Geralt ëmmer erëm iwwert de Wee leeft, wat heiansdo gutt an heiansdo schlecht ausgeet.

D’Serie spréngt hin an hier an der Zäit, woubäi déi verschidden Deeler lues a lues matenee verbonne ginn, fir ze weisen, dat déi dräi Personnagen e gemeinsaamt Schicksal hunn.

D’Bicher vum “Witcher” waren schonn 2007 eng Kéier d’Basis fir eng Rei vun Videospiller, sou dat d’Produzenten hei net ewéi soss nëmmen de Lieser, mä och de Gamer hir Erwaardungen un d’Serie hu missen erfëllen. Dat ass net ganz gelongen, wëll déi verschidden Zäitspréng kennen een heiansdo duerchernee maachen, an d’Grënn, firwat d’Personnagen eppes maachen, sinn e bësse mat den Hoer erbäigezunn. Mä am groussen a ganzen ass d’Serie awer ze kucken a bréngt et fäerdeg, e koherent Ganzt ze maachen aus enger Rei vu Kuerzgeschichten.

The Witcher ass disponibel op Netflix.

D'Deeler aus "Fantasy Serien"

D'Deeler aus "Weiblech Actionhelden"

D'Deeler aus "Romantesch Serien"

D'Deeler aus "Serien aus der gudder aler Zäit

D'Deeler aus "Serië fir e Marathon"

D'Deeler aus "Serien aus anere Kulturen"