Fantasy Serien (4)The Witcher (Netflix)

RTL Lëtzebuerg
Feeën an Hexen, Engelcher an Dämonen, Zauberer a Monsteren. Eng gutt Fantasy Geschicht entféiert een an eng aner Welt an däer Magie net ëmmer gutt ass.

The Witcher baséiert op enger Rei vu Fantasy Geschichte vum polneschen Auteur Adrzej Spakowski.

De Geralt vu Rivia ass e Witcher, dee magesch Kräften huet, fir op Juegd no iwwernatierleche Béischten ze goen. Op der Sich no Monsteren reit hie vun Duerf zu Duerf, woubäi hie sech ëmmer erëm muss wiere géint Leit, déi probéieren, hien an hier politesch Intrigen ze verwéckelen.

D’Cirilla “Ciri” ass eng Prinzessin op der Flucht virun de Rebellen, déi hir Elteren ëmbruecht hunn an elo op der Sich nom klenge Meedche sinn, fir hat och ze eliminéieren, fir dat si kënnen d’Land iwwerhuelen.

D’Yennefer vu Vengerberg ass eng Hex, déi dem Geralt ëmmer erëm iwwert de Wee leeft, wat heiansdo gutt an heiansdo schlecht ausgeet.

D’Serie spréngt hin an hier an der Zäit, woubäi déi verschidden Deeler lues a lues matenee verbonne ginn, fir ze weisen, dat déi dräi Personnagen e gemeinsaamt Schicksal hunn.

D’Bicher vum “Witcher” waren schonn 2007 eng Kéier d’Basis fir eng Rei vun Videospiller, sou dat d’Produzenten hei net ewéi soss nëmmen de Lieser, mä och de Gamer hir Erwaardungen un d’Serie hu missen erfëllen. Dat ass net ganz gelongen, wëll déi verschidden Zäitspréng kennen een heiansdo duerchernee maachen, an d’Grënn, firwat d’Personnagen eppes maachen, sinn e bësse mat den Hoer erbäigezunn. Mä am groussen a ganzen ass d’Serie awer ze kucken a bréngt et fäerdeg, e koherent Ganzt ze maachen aus enger Rei vu Kuerzgeschichten.

The Witcher ass disponibel op Netflix.

D’Deeler aus “Fantasy Serien”

Deel 1: Good Omens op AmazonDeel 2: Diablero op NetflixDeel 3: Carnival Row op Amazon

D’Deeler aus “Weiblech Actionhelden”

Deel 1: Absentia op AmazonDeel 2: Killing Eve op Apple +Deel 3: The Fall op NetflixDeel 4: Queen of the south op NetflixDeel 5: Homeland op Amazon

D’Deeler aus “Romantesch Serien”

Deel 1: Most Beautiful Thing op Netflix

Deel 2: Gran Hotel op NetflixDeel 3: Outlander op Netflix

Deel 4: Spinning Out op Netflix

Deel 5: Home for Christmas op Netflix

D’Deeler aus “Serien aus der gudder aler Zäit

Deel 1: The Alienist op NetflixDeel 2: Las Chicas del Cable op NetflixDeel 3: Mad Men op NetflixDeel 4: Brigada Costa del Sol op Netflix

Deel 5: The Americans op Netflix an Amazon

D’Deeler aus “Serië fir e Marathon”

Deel 1: Supernatural op AmazonDeel 2: The good Wife op AmazonDeel 3: Shameless op AmazonDeel 4: House M.D. op AmazonDeel 5: Star Trek: The Next Generation op Netflix

D’Deeler aus “Serien aus anere Kulturen”

Deel 1: Südafrika: Queen Sono op NetflixDeel 2: Tierkei: The Protector op NetflixDeel 3: Israel: Beauty and the Baker op AmazonDeel 4: Indien: Made in Heaven op AmazonDeel 5: Korea: Vagabond op Netflix

Back to Top
CIM LOGO