Wat bezilt d'CNS bei enger kënschtlecher Befruchtung?

An den 80er Joren ass d'Technik vun der Fecondatioun in Vitro, kuerz FIV, operationell ginn.
Eng Eezell gëtt an engem Reagenzglas, dat heescht ausserhalb vum weibleche Kierper befrucht. Déi sougenannt kënschtlech Befruchtung gehéiert zu de Prestatioune vun der Gesondheetskeess.
D'kënschtlech Befruchtung wär nëmmen een Deel vun den verschiddene Mesurë vun der sougenannter PMA, also der Prokreatioun mat medezinescher Assistenz. Fir dass d'Gesondheetskeess hei d'Chargen iwwerhëlt, mussen zwou Konditiounen erfëllt sinn.
No der Sterilisatioun vun der Fra oder vum Mann, géif keng PMA bezuelt ginn, sou de Gaston Fischer, Assistant Projets bei der CNS. D'Prise en Charge vun dësem Agrëff hält mam 43. Gebuertsdag vun der Patientin op. Déi perséinlech oder familiär Situatioun vun der Patientin géif d'Gesondheetskeess net interesséieren, ënnersträicht de Gaston Fischer.
Den administrative Wee wär am Fall vun dëser Prestatioun kuerz. D'Patientin riicht sech un hire Gynekolog. Dee mécht da per Formulaire eng Ufro beim contrôle médical. Wann déi Ufro akzeptéiert gëtt, da kann d'PMA duerchgefouert ginn. D'Käschten hänke vun der individueller Situatioun a vun der Unzuel vu Versich of. Wann de contrôle médical den Agrëff geneemegt huet, dann iwwerhëlt d'CNS de ganzen Traitement. Niewekäschte wéinst perséinleche Wënsch, géifen net iwwerholl ginn, sou de Gaston Fischer.
Dëst wär zum Beispill de Fall, wann d'Traitement am Ausland gemaach gëtt. Do géif dann nëmmen de Lëtzebuerger Tarif bezuelt ginn. Eng éischt Klass am Spidol géif d'CNS och net iwwerhuelen.
D'CNS-Serie am Iwwerbléck
Serie CNS (1. Deel) - D’Kompetenze vun der Gesondheetskeess.
Serie CNS (2. Deel) - Affiliatioun, Co-Assurance oder Assurance Volontaire.
Serie CNS (3. Deel) - Wéi eng Servicer gi fir Frontalieren ugebueden?
Serie CNS (4. Deel) - "Prestations en nature" vun der CNS.
Serie CNS (5. Deel) - Wat huet ee bei den Zänn zegutt? A wat net?
Serie CNS (6. Deel) - Wa mäi Kand elo eng Bréck brauch, kënnt d'CNS dofir op?
Serie CNS (7. Deel) - Wat huet ee beim Brëll ze gutt?
Serie CNS (8. Deel) - Wat kritt ee fir Kontaktlënsen zeréck?
Serie CNS (9. Deel) - UPDATE - Wéini brauch ech e Krankeschäin an däerf ech e briechen?
Serie CNS (10. Deel) - Wat däerf een a wat net, wann een am Krankeschäin ass?
Serie CNS (11. Deel) - Generiquë genee sou gutt wéi original Medikamenter?
Serie CNS (12. Deel) - Prestations en nature.
Serie CNS (13. Deel) - Wat kritt ee fir de Kiné rembourséiert a wat ännert 2017?
Serie CNS (14. Deel) - Wat muss ee fir den Transport an der Ambulanz bezuelen?
Serie CNS (15. Deel) - Zousätzlech Remboursementer vum 1. Januar un
Serie CNS (16. Deel) - Wat ass de Mat-Fëmmen-Ophal-Programm vun der CNS?
Serie CNS (17. Deel) - Konditiounen, fir sech am Ausland behandelen ze loossen.
Serie CNS (18. Deel) - Spezifescht Traitement am Ausland ... rembourséiert?
Serie CNS (19. Deel) - Wéi funktionéiert de System vum Tiers Payant Social?
Serie CNS (20. Deel) - Congé aus familiäre Grënn
Serie CNS (21. Deel) - Congé bei Stierfbegleedung, de sougenannte CAFC.
Serie CNS (22. Deel) - De Congé de Maternité zu Lëtzebuerg
Serie CNS (23. Deel) - Wat maachen, wann een am Ausland krank gëtt?
Serie CNS (24. Deel) - D'Impfprogrammer vun der CNS.
Serie CNS (25. Deel) - Wéini kritt een eppes fir eng Prothees erëm?
Serie CNS (26. Deel) - Wourop soll een als Student am Ausland oppassen?
Serie CNS (27. Deel) - Wéi eng Preventiounsprogrammer huet d'CNS den Ament lafen?
Serie CNS (28. Deel) - Wéini kann ech Medikamenter online bestellen?
Serie CNS (29. Deel) - Assurance Dependance: Wien huet Recht op dës Hëllefen?
Serie CNS (30. Deel) - Pied diabétique - méiglech Folleg vun der Zockerkrankheet
Serie CNS (31. Deel) - Wat fir Zorte vu Formulairë ginn et bei der CNS?
Serie CNS (32. Deel) - Hörapparater fir Assuréën - ënner Konditiounen - gratis