D'Woch op RTLGlëtz a Schnéi, Kritik un Heescheverbuet a brittesch Royals mat Abo am Spidol

RTL Lëtzebuerg
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.

Heescheverbuet

Déi éischt Kontrollen am Kader vum Heescheverbuet hunn dës Woch ugefaangen. Dobäi ginn all d’Leit, déi no Sue froen, viséiert, egal ob si aggressiv an organiséiert sinn, oder net. Vill Heescherten an och Sans-Abrise fille sech dogéint mat an d’Viséier geholl. Der Stater Buergermeeschtesch no wier dat awer net de Fall, och wann et um Terrain deels anescht ausgesäit. Hir Interpretatioun, déi déi selwecht ass wéi déi vum Inneminister, deelt awer net jiddereen. De Stater Procureur Georges Oswald gesäit hei villes anescht, wéi Polfer a Gloden. An och an der Chamber gouf vill driwwer gestridden. Aus dem Justizministère heescht et, datt een eng global Reform vum Code pénal géif brauchen.

Fra vu Jonglënster

Ufank lescht Woch gouf eng eeler Fra vu Jonglënster als vermësst gemellt. Nodeem d’Sich an den Opruff vun der Police näischt bruecht hunn, huet hir Famill eng privat Sich organiséiert. Dobäi konnt een de Kierper vun der 85 Joer ale Fra fannen. Dat huet de Parquet och méi spéit confirméiert.

Tragedie an England

Nodeem e 60 Joer ale Papp un engem Häerzinfarkt gestuerwen ass, ass säin zwee Joer ale Jong erhéngert, well kee sech méi ëm d’Kand konnt këmmeren. Dëst trauregt Familljendrama gouf et Ufank Januar an England. Kritik vun der Famill gëtt et un den Autoritéiten an un der Police, déi d’Tragedie eventuell hätte kéinten evitéieren.

Eng rutscheg Partie

Esou kéint een d’Stroosseverhältnisser e Mëttwoch an Donneschdeg bei eis am Land kuerz a knapp resuméieren. Wärend e Mëttwoch d’Schoule wéinst Glëtz a Glatäis ausgefall sinn an och d’Leit, wa se konnten, sollten doheem bleiwen, war en Donneschdeg Business as usual... Halt just mat vill Schnéi. Busser, Schoulbusser an Tram sinn deelweis ausgefall an hu fir nach méi Chaos am Trafic gesuergt. Déi méi kleng awer och méi grouss “Kanner” hu sech dogéint richteg iwwert de ville Schnéi an déi flott Landschafte gefreet.

Brittesch Kinneksfamill am Spidol

De Kinnek Charles ma och d’Fra vu sengem eelste Fils d’Prinzessin Kate sinn Allenzwee e Mëttwoch an d’Spidol ageliwwert ginn. War et beim Monarch eng Operatioun wéinst der Prostate, huet sech déi royal Famill beim Kate mat Infoen zeréckgehalen. Eenzegt esouvill: Et ass kee Kriibs.

Pensiounen am Ausland?

Leit, déi zu Lëtzebuerg hir Pensioun bezéien an an d’Ausland plënneren, hu besser, datt de Lëtzebuerger Staat weess, wou si wunnen. Soss ass et duerchaus méiglech, datt d’Pensioun net méi iwwerwise gëtt...

Méintelaange Schantjen zu Beetebuerg

Vu Mëtt Mäerz bis Enn vum Joer wäert d’Haaptverkéiersoder vu Beetebuerg gespaart ginn, well d’Bréck, déi Richtung Gare geet, ersat gëtt. D’Deviatioune lafe groussraimeg ëm den Zentrum an d’Geschäftsleit maache sech Suergen, well manner Leit an den Zentrum kommen.

NATO-Manöver ouni Lëtzebuerg

90.000 Zaldote sollen um gréisste Manöver vun der Verteidegungsallianz zanter dem Enn vum Kale Krich deelhuelen. Am Februar soll d’NATO-Manöver lassgoen a wäert sech op verschidde Punkte konzentréieren. Lëtzebuerg wäert net mat dobäi sinn, esou heescht et vun der Arméi.

Topp a Flopp am Handball

Et war eng emotional Woch am Lëtzebuerger Handball. No enger Néierlag déi lescht Woch a Lettland konnt ee sech e Sonndeg doheem awer nach fir d’Gruppephas vun der EM-Quali qualifizéieren. Dës Woch war et dunn d’Partie an der WM-Prequali géint Israel. Bei béide Matcher heiheem konnt een déi éischt Partie gewannen, ma duerch déi méi héich Néierlag am Retourmatch goufen d’Rout Léiwen eliminéiert.

Back to Top
CIM LOGO