
Emerald City baséiert op den original Erzielunge vum L. Frank Baum iwwert d'“Land of Oz”. Déi Geschichte waren schonn 1940 den Hannergrond fir de Film mam Judy Garland.
Emerald City ass déi erwuesse Versioun vun dëse Geschichten, wou d’Dorothy eng Krankeschwëster ass, déi an engem Auto vun engem Tornado vun Kansas an d’Land vun Oz transportéiert gëtt an do op der béiser Hex aus dem Osten lant. Si fënnt eraus, datt nëmmen den Zauberer vun Oz hir kann hëllefen, heem ze kommen, an duerfir muss se an d’Emerald City goen.
Op hirem Wee kennt se laanscht e Mann, deen un engem Kräiz hänkt a sech net méi u säi Numm erënnert oder firwat hien opgehaange gi war. D‘Dorothy nennt hie Lucas an hien decidéiert, mam Dorothy an d’Emerald City ze goen. Um Wee dohinner erënnert hie sech no an no, wien hien ass a wat seng Missioun war.
Aner Personnagen, déi souwuel an de Bicher, wéi och am Film waren, kommen och an der Serie vir, allerdéngs an enger moderner Versioun. E Problem vun der Serie ass, datt se probéiert e puer Geschichten mateneen ze erzielen, déi awer leider nëmme ganz wéineg mateneen ze dinn hunn an dat Ganzt duerfir e bëssen zerfält. Ze kucken bleift se awer trotzdeem, scho eleng, well ee sech kann e Pleséier draus maachen, déi verschidde Personnagen aus dem Film, wéi d’Vulleschäich, de Blechmann oder de fäerterege Léif erëmzerkennen, nodeems se fir d’Serie komplett ëmgeschriwwe gi sinn.
Emerald City kann een op Amazon kucken.
Deel 1: Good Omens op AmazonDeel 2: Diablero op NetflixDeel 3: Carnival Row op AmazonDeel 4: The Witcher op NetflixDeel 5: Emerald City op Amazon
Deel 1: Absentia op AmazonDeel 2: Killing Eve op Apple +Deel 3: The Fall op NetflixDeel 4: Queen of the south op NetflixDeel 5: Homeland op Amazon
Deel 1: Most Beautiful Thing op Netflix
Deel 2: Gran Hotel op NetflixDeel 3: Outlander op Netflix
Deel 4: Spinning Out op Netflix
Deel 5: Home for Christmas op Netflix
Deel 1: The Alienist op NetflixDeel 2: Las Chicas del Cable op NetflixDeel 3: Mad Men op NetflixDeel 4: Brigada Costa del Sol op Netflix
Deel 5: The Americans op Netflix an Amazon
Deel 1: Supernatural op AmazonDeel 2: The good Wife op AmazonDeel 3: Shameless op AmazonDeel 4: House M.D. op AmazonDeel 5: Star Trek: The Next Generation op Netflix
Deel 1: Südafrika: Queen Sono op NetflixDeel 2: Tierkei: The Protector op NetflixDeel 3: Israel: Beauty and the Baker op AmazonDeel 4: Indien: Made in Heaven op AmazonDeel 5: Korea: Vagabond op Netflix