
Dësen Ausdrock beschreift net just Geschichten iwwer Ausserierdescher oder Weltraumreesen. Déi bescht Science Fiction-Geschichten analyséieren den Impakt vun der Wëssenschaft op eis Gesellschaft andeems se froen: Wat wier wann?
An enger Metrosstatioun kritt d’Sarah Manning, eng kleng Gaunerin, mat, wéi eng friem Fra, déi him gläicht ewéi eng Drëps Waasser, hir Schong an hir Posch néier leet ier se virun en Zuch spréngt.
D’Sarah profitéiert vum allgemengen Duercherneen fir där Doudeger, déi Beth Childs heescht, hir Saachen ze klauen an hir Identitéit unzehuelen. Bei der friemer Fra doheem fënnt se eraus, datt d’Beth Childs eng Polizistin war a suspendéiert gouf, well si een erschoss hat.
D’Beth war amgaangen eng Enquête ze maachen iwwert eng Rei vu Fraen, déi alleguer identeschen DNA hunn, also vum selwechten Genmaterial gekloont sinn.
“Orphan Black” ass 2013 ugelaf a krut direkt eng zolidd Fangemeinschaft, haaptsächlech wéinst dem Tatiana Maslany. D’Schauspillerin spillt nämlech bis zu 10 verschidde Fraen an der Serie.
„Orphan Black” ass eng Kombinatioun vu Krimi, Thriller an Abenteuer mat Comedy-Elementer, mä virun allem geet et ëm d’Bedeitung vu genetescher Manipulatioun beim Mënsch, wat et heescht, wa Wëssenschaftler Gott spillen a grouss Firmen d’Formel vfir d‘mënschlecht Liewe kënne verkafen.
Déi fënnef Staffele vun “Orphan Black” sinn disponibel op Netflix.
Deel 1: Good Omens op AmazonDeel 2: Diablero op NetflixDeel 3: Carnival Row op AmazonDeel 4: The Witcher op NetflixDeel 5: Emerald City op Amazon
Deel 1: Absentia op AmazonDeel 2: Killing Eve op Apple +Deel 3: The Fall op NetflixDeel 4: Queen of the south op NetflixDeel 5: Homeland op Amazon
Deel 1: Most Beautiful Thing op Netflix
Deel 2: Gran Hotel op NetflixDeel 3: Outlander op Netflix
Deel 4: Spinning Out op Netflix
Deel 5: Home for Christmas op Netflix
Deel 1: The Alienist op NetflixDeel 2: Las Chicas del Cable op NetflixDeel 3: Mad Men op NetflixDeel 4: Brigada Costa del Sol op Netflix
Deel 5: The Americans op Netflix an Amazon
Deel 1: Supernatural op AmazonDeel 2: The good Wife op AmazonDeel 3: Shameless op AmazonDeel 4: House M.D. op AmazonDeel 5: Star Trek: The Next Generation op Netflix
Deel 1: Südafrika: Queen Sono op NetflixDeel 2: Tierkei: The Protector op NetflixDeel 3: Israel: Beauty and the Baker op AmazonDeel 4: Indien: Made in Heaven op AmazonDeel 5: Korea: Vagabond op Netflix