Science Fiction ass en Ausdrock, deen iwwregens vun engem Lëtzebuerger, dem Hugo Gernsback, erfonnt ginn ass.

Dësen Ausdrock beschreift net just Geschichten iwwer Ausserierdescher oder Weltraumreesen. Déi bescht Science Fiction-Geschichten analyséieren den Impakt vun der Wëssenschaft op eis Gesellschaft andeems se froen: Wat wier wann?

“The Man in the High Castle” ass e gutt Beispill fir d’Fro “wat wier wann?”, well et spillt an enger Dimensioun an där Nazi Däitschland den zweete Weltkrich gewonnen huet. 1962 sinn d’USA an zwee gedeelt, den Osten ass ënnert der Kontroll vum Groussen Nazi Räich an de Japaner gehéieren d’Pazifesch Staaten am Westen. Duerch d’Mëtt leeft eng “neutral” Zone, an där Kriminalitéit an Schwaarzmaart dominéieren.

D’Geschicht, déi 1962 vum Philip K. Dick geschriwwe ginn ass, erzielt vun enger ganzer Rei Leit, déi u sech komplett verschidde Liewe féieren, wéi den amerikaneschen SS Obergruppenführer zu New York, eng jonk Fra déi am japaneschen San Franciso lieft, e Resistenzler, dee seng jiddesch Origine muss verstoppen oder de japaneschen Wirtschaftsminister. Hier Weeër kräize sech eréischt, wéi op eemol e Film optaucht, an deem ee Biller gesäit vun enger Welt, an där Däitschland de Krich verluer huet.

Wéi géif eis Welt haut ausgesinn, wann d’Nazien gewonnen hätten? The “Man in the High Castle” weist d’Versioun vun enger Gesellschaft, an där jidderee sech d’Fro muss stellen, wéi wäit e wëll goen, fir seng Wäerter ze vertrieden an engem totalitäre System, dee blannt Follegen a perséinlech Opfer verlaangt, iwwerdeems en all Widderstand kalbliddeg an ouni ze Zécken eliminéiert.

“The Man in the High Castle” kann ee kucken op Amazon Prime.

D'Deeler aus "Science Fiction Serien"

D'Deeler aus "Fantasy Serien"

D'Deeler aus "Weiblech Actionhelden"

D'Deeler aus "Romantesch Serien"

D'Deeler aus "Serien aus der gudder aler Zäit

D'Deeler aus "Serië fir e Marathon"

D'Deeler aus "Serien aus anere Kulturen"