
Dësen Ausdrock beschreift net just Geschichten iwwer Ausserierdescher oder Weltraumreesen. Déi bescht Science Fiction-Geschichten analyséieren den Impakt vun der Wëssenschaft op eis Gesellschaft andeems se froen: Wat wier wann?
Wat wier, wa mer eist Bewosstsinn, eis Erënnerungen, Erfarungen, Psychologie, digitaliséiere kéinten an als Daten op e Support lueden? An dann an en neie Kierper iwwerdroen? Den Dout géif seng Bedeitung verléieren a mir wieren Onstierflech. Nëmmen duerch d’Zerstéierung vun den Date selwer kéinte mer wierklech stierwen.
Den Takeshi Kovacs war en Envoy-Soldier, e Mercenär, dem säi “cortical stack” mat sengem Bewosstsinn am Prisong ass zanter 250 Joer. Op Uerder vum Laurens Bancroft, engem 300 Joer ale Milliardär, gëtt e reaniméiert a kritt en neie Kierper. Den Takeshi soll erausfannen, wien den Laurens Bancroft wollt ëmbréngen, an duerfir seng Fräiheet zréckkréien.
De Kovacs refuséiert am Ufank, wëll en onkeeflech ass, mä ännert seng Meenung, wéi hie vu Friemen attackéiert gëtt, wëll en dunn eréischt gleeft, datt de Bancroft wierklech a Gefor ass.
“Altered Carbon”, baséiert op enger Serie vu Bicher vum Richard K. Morgan a spillt an enger düsterer Welt, wou d’Mënschheet zwar den Dout iwwerwonnen huet an duerch de Weltraum ka reesen, mä ëmmer nach Kricher géintenee féiert an déi Räich ëmmer nach déi Aarm fir hir eegen Zwecker ausnotzen.
Den Takeschi Kovacs ass hei den typeschen Anti-Held, deen zynesch an desillusionéiert ass,äe sech schlussendlech awer fir d’Gerechtegkeet asetzt.
“Altered Carbon” ass disponibel op Netflix.
Deel 1: Orphan Black op NetflixDeel 2: Sense8 op NetflixDeel 3: The Man in the high Castle op Amazon
Deel 1: Good Omens op AmazonDeel 2: Diablero op NetflixDeel 3: Carnival Row op AmazonDeel 4: The Witcher op NetflixDeel 5: Emerald City op Amazon
Deel 1: Absentia op AmazonDeel 2: Killing Eve op Apple +Deel 3: The Fall op NetflixDeel 4: Queen of the south op NetflixDeel 5: Homeland op Amazon
Deel 1: Most Beautiful Thing op Netflix
Deel 2: Gran Hotel op NetflixDeel 3: Outlander op Netflix
Deel 4: Spinning Out op Netflix
Deel 5: Home for Christmas op Netflix
Deel 1: The Alienist op NetflixDeel 2: Las Chicas del Cable op NetflixDeel 3: Mad Men op NetflixDeel 4: Brigada Costa del Sol op Netflix
Deel 5: The Americans op Netflix an Amazon
Deel 1: Supernatural op AmazonDeel 2: The good Wife op AmazonDeel 3: Shameless op AmazonDeel 4: House M.D. op AmazonDeel 5: Star Trek: The Next Generation op Netflix
Deel 1: Südafrika: Queen Sono op NetflixDeel 2: Tierkei: The Protector op NetflixDeel 3: Israel: Beauty and the Baker op AmazonDeel 4: Indien: Made in Heaven op AmazonDeel 5: Korea: Vagabond op Netflix