
Dësen Ausdrock beschreift net just Geschichten iwwer Ausserierdescher oder Weltraumreesen. Déi bescht Science Fiction-Geschichten analyséieren den Impakt vun der Wëssenschaft op eis Gesellschaft andeems se froen: Wat wier wann?
Am Joer 2018 iwwerliewe véier Friemer e plëtzlechen Doud. D’Marcy, eng jonk, virdrun geeschteg behënnert Fra, den Trevor, dee bekannt war fir seng Aggressivitéit, de fréieren Drogesüchtege Philipp an d’Carly, déi vun hirem Mann geschloe ginn ass, si no där Erfarung komplett changéiert. Den FBI Agent McLaren verdächtegt si zu enger terroristescher Grupp ze gehéieren a verfollegt se.
Wéi se sech all an engem verloossene Gebai treffen, fënnt de McLaren eraus, datt déi véier Leit all vu Mënschen aus der Zukunft iwwerholl gi sinn, kuerz virun hirem offiziellen Doud. De McLaren selwer stierft och a säi Kierper gëtt iwwerholl vum Chef vun der Ekipp.
An der Zukunft kann ee nämlech seng Perséinlechkeet an en Datestroum verwandelen an an d’Vergaangenheet schécken, fir do als anere Mënsch ze liewen. Dobäi orientéiere sech déi Zäitreesend un den Informatiounen, déi se iwwer sozial Netzwierker an offiziell Datebanken zesummendroen. Dat alles mam Zil, d’Mënschheet virun enger katastrophaler Zukunft ze retten, andeems se eng Rei wichteg Evenementer an eiser Géigewaart veränneren.
“Travelers” ass eng vun de wéinegen originellen Zäitrees-Geschichten, wëll se eng intern Logik huet an där all Schrëtt, dee gemaach gëtt, eng novollzéibar Konsequenz huet. Ausnamsweis sinn déi Zäitreesend hei net Leit, déi duerch verschidden Zäite sprangen, fir eis Géigewaart ze verbesseren, mä Helden aus enger Zukunft an där d’Mënschheet kuerz virun der Zerstéierung steet.
“Travelers” ass disponibel op Netflix.
Deel 1: Orphan Black op NetflixDeel 2: Sense8 op NetflixDeel 3: The Man in the high Castle op Amazon
Deel 1: Good Omens op AmazonDeel 2: Diablero op NetflixDeel 3: Carnival Row op AmazonDeel 4: The Witcher op NetflixDeel 5: Emerald City op Amazon
Deel 1: Absentia op AmazonDeel 2: Killing Eve op Apple +Deel 3: The Fall op NetflixDeel 4: Queen of the south op NetflixDeel 5: Homeland op Amazon
Deel 1: Most Beautiful Thing op Netflix
Deel 2: Gran Hotel op NetflixDeel 3: Outlander op Netflix
Deel 4: Spinning Out op Netflix
Deel 5: Home for Christmas op Netflix
Deel 1: The Alienist op NetflixDeel 2: Las Chicas del Cable op NetflixDeel 3: Mad Men op NetflixDeel 4: Brigada Costa del Sol op Netflix
Deel 5: The Americans op Netflix an Amazon
Deel 1: Supernatural op AmazonDeel 2: The good Wife op AmazonDeel 3: Shameless op AmazonDeel 4: House M.D. op AmazonDeel 5: Star Trek: The Next Generation op Netflix
Deel 1: Südafrika: Queen Sono op NetflixDeel 2: Tierkei: The Protector op NetflixDeel 3: Israel: Beauty and the Baker op AmazonDeel 4: Indien: Made in Heaven op AmazonDeel 5: Korea: Vagabond op Netflix