Zombie Shows (1)Fear the Walking Dead (Amazon)

RTL Lëtzebuerg
Wéi et schéngt, war am Mäerz e “Zombie Response Team” op der Schwedescher Grenz ugehale ginn.

Vill Leit schéngen dat Gefill ze hunn, datt d’Coronavirus-Pandemie en Zeeche fir d’Enn vun der Welt, wéi mir se kennen, ass. Mä kann een dat wierklech mat enger Post-Apokalyptescher Zombie-Welt vergläichen?

D’Madison Clark, eng Jugendpsychologin an engem Lycée, an hire Frënd, den Travis Manawa, hu scho genuch ze dinn mam Madison hirem drogesüchtege Jong, hirem Meedchen, dat mécht wat et wëll, an dem Travis sengem Bouf, dee no der Scheedung vun sengen Elteren näischt mat sengem Papp wëll ze dinn hunn, wéi d’Noriichten op der Tëlee ufänken richteg onheemlech ze ginn.

D’Leit stierwen un engem neiaartege Virus a stinn duerno als Zombien erëm op. Wéi d’Zivilisatioun lues a lues verschwënnt, muss d’Famill léieren, zesummenzehalen, fir ze iwwerliewen. Alleguer passe se sech un déi nei Welt un an entdecken dobäi ongeaanten Talenter, iwwerdeems se léieren, datt se sech nëmmen op sech an hir Famill kënne verloossen.

“Fear the Walking Dead” ass e Spin-off vun “The Walking Dead”, déi u sech besser bekannt ass. Als Virgeschicht geduecht, verlafen déi zwou Serien an der Tëschenzäit parallel, woubäi “Fear the Walking Dead” haaptsächlech op der Amerikanescher Westküst, a Kalifornien an a Mexico, spillt. Dobäi konzentréiert d’Geschicht sech op eng Famill, déi alles mécht, fir zesummenzebleiwen. Allerdéngs ass et hei grad wéi an “The Walking Dead”: et sinn net d’Zombien, déi geféierlech sinn, mä déi aner Leit.

Fear the Walking Dead ass disponibel op Amazon Prime mat fënnef Staffelen.

D’Deeler aus “Science Fiction Serien”

Deel 1: Orphan Black op NetflixDeel 2: Sense8 op NetflixDeel 3: The Man in the high Castle op Amazon

Deel 4: Travelers op Netflix

Deel 5: Altered Carbon op Netflix

D’Deeler aus “Fantasy Serien”

Deel 1: Good Omens op AmazonDeel 2: Diablero op NetflixDeel 3: Carnival Row op AmazonDeel 4: The Witcher op NetflixDeel 5: Emerald City op Amazon

D’Deeler aus “Weiblech Actionhelden”

Deel 1: Absentia op AmazonDeel 2: Killing Eve op Apple +Deel 3: The Fall op NetflixDeel 4: Queen of the south op NetflixDeel 5: Homeland op Amazon

D’Deeler aus “Romantesch Serien”

Deel 1: Most Beautiful Thing op Netflix

Deel 2: Gran Hotel op NetflixDeel 3: Outlander op Netflix

Deel 4: Spinning Out op Netflix

Deel 5: Home for Christmas op Netflix

D’Deeler aus “Serien aus der gudder aler Zäit

Deel 1: The Alienist op NetflixDeel 2: Las Chicas del Cable op NetflixDeel 3: Mad Men op NetflixDeel 4: Brigada Costa del Sol op Netflix

Deel 5: The Americans op Netflix an Amazon

D’Deeler aus “Serië fir e Marathon”

Deel 1: Supernatural op AmazonDeel 2: The good Wife op AmazonDeel 3: Shameless op AmazonDeel 4: House M.D. op AmazonDeel 5: Star Trek: The Next Generation op Netflix

D’Deeler aus “Serien aus anere Kulturen”

Deel 1: Südafrika: Queen Sono op NetflixDeel 2: Tierkei: The Protector op NetflixDeel 3: Israel: Beauty and the Baker op AmazonDeel 4: Indien: Made in Heaven op AmazonDeel 5: Korea: Vagabond op Netflix

Back to Top
CIM LOGO