Wéi et schéngt, war am Mäerz e “Zombie Response Team” op der Schwedescher Grenz ugehale ginn.

Vill Leit schéngen dat Gefill ze hunn, datt d’Coronavirus-Pandemie en Zeeche fir d’Enn vun der Welt, wéi mir se kennen, ass. Mä kann een dat wierklech mat enger Post-Apokalyptescher Zombie-Welt vergläichen?

Sechs Wochen no der Zombie-Apokalypse gëtt d’Rose vun hirem Meedchen Anna getrennt, wéi si sollen vun der Arméi vun doheem evakuéiert ginn. Wëll gesot gi war, datt si géifen an e Stadion bruecht ginn, mécht d’Rose sech op de Wee an op d’Sich no hirer Duechter.

Ënnerwee trëfft se op aner Refugiéeën, a se fänken un, sech géigesäiteg ze hëllefen an ze beschütze géint d’Zombien.

Am Géigesätz zu aneren Serie sinn d’Zombien an “Black Summer” immens séier. Si kënnen net nëmme séier lafen, mä hunn och eppes vun hirer Intelligenz behal, wouduerch et vill méi schwéier ass, sech géint se ze wieren. Dat bréngt et mat sech, datt d’Personnagen ëmmer a Beweegung sinn an et gëtt der Geschicht eng onheemlech Spannung, well déi ganz Zäit eppes passéiert.

An “Black Summer”, enger Virgeschicht zu “Z-Nation”, geet et manner ëm Mënschen, déi sech géigesäiteg bekämpfen, mä weist, wéi verschidde Perséinlechkeeten op hir Aart a Weis eens gi mat enger Welt, an där alles anescht ass, mä d’Hoffnung op eng Besserung nach besteet.

Black Summer ass disponibel op Netflix.

D'Deeler aus "Zombie Shows"

D'Deeler aus "Science Fiction Serien"

D'Deeler aus "Fantasy Serien"

D'Deeler aus "Weiblech Actionhelden"

D'Deeler aus "Romantesch Serien"

D'Deeler aus "Serien aus der gudder aler Zäit

D'Deeler aus "Serië fir e Marathon"

D'Deeler aus "Serien aus anere Kulturen"