Och 2023 war eis groussherzoglech Famill op villen offizielle Rendez-vousen an hunn hir perséinlech Momenter gedeelt. Mir kucken nach emol drop zréck.

Januar

Fir den Ierfgroussherzog  goung et um éischte Rendez-vous am Joer 2023 an d'Aktivitéitszon Zare zu Éilereng. Do gouf den drëtten Deel vum House of Biohealth ageweit.

Den 23. Januar stoung am Zeeche vun der alljärlecher Neijooschreceptioun, op déi d'groussherzoglech Famill den 23. Januar invitéiert hat.

Februar

Den 10. Februar ass d'Prinzessin Marie-Gabrielle gestuerwen, d'Schwëster vum Grand-Duc Jean.

Op Vältesdag war d'groussherzoglech Koppel schonn 42 Joer bestuet. An deem Kader huet den Haff nei Fotoe verëffentlecht.

De 16. Februar krut d'Prinzessin Alexandra 32 Joer, zwee Deeg dono huet d'Ierfgroussherzogin Stéphanie hiren 39. Gebuertsdag gefeiert.

Vum 22. bis de 25. Februar war den Ierfgroussherzog Guillaume op Wirtschaftsmissioun zesumme mam fréiere Finanzminister Franz Fayot.

Mäerz

Ufank Mäerz war d'Grande-Duchesse Maria Teresa op Besuch am Centre Pontalize zu Ettelbréck.

Et war awer och d'Ouverture vun der 13. Editioun vum Luxembourg City Film Festival a Presenz vum Grand-Duc.

Vum 13. bis de 14. Mäerz war eng Lëtzebuerger Delegatioun zesumme mam Grand-Duc op Staatsvisitt a Lettland.

RTL

© SIP / Jean-Christophe Verhaegen

Den 21. Mäerz 1985 koum d'Prinzessin Claire op d'Welt. D'Fra vum Prënz Félix krut dëst Joer deemno 38 Joer.

Nëmmen een Dag méi spéit huet d'Fra vum Grand-Duc Gebuertsdag. D'Maria Teresa Mestre koum den 22. Mäerz 1956 zu Havanna op Kuba op d'Welt.

Am Mäerz war déi groussherzoglech Famill och nach op engem aneren traditionelle Rendez-vous, dem Relais pour la Vie. D'Grande-Duchesse war an hirer Funktioun als Présidente d'honneur vun der Fondation Cancer bei der Ouverture present.

De 26. Mäerz war de portugisesche President Macelo Rebelo de Sousa op Besuch am Grand-Duché. Eng gutt getimte Visitt, well deen Owend war och de Match vun de Roude Léiwe géint déi portugisesch Nationalekipp am Stade de Luxembourg.

E ganz wichtegen Datum war nach de 27. Mäerz, do ass de Prënz François, zweet Kand vun der ierfgroussherzoglecher Famill op d'Welt komm. De François Henri Luis Marie Guillaume ass um 10.04 Auer an der Maternité Grande-Duchesse Charlotte op d'Welt komm.

Kuerz drop koumen dann och déi éischt Fotoe vum klenge Prënz. Den 30. Mäerz huet déi ganz Famill dann dierfen aus dem Spidol an Heem.

Abrëll

De 16. Abrëll ginn et um groussherzoglechen Haff direkt 2 Grënn fir ze feieren: De Grand-Duc Henri an de Prënz Sébastien hunn op deem Dag Gebuertsdag.

Do virdru war de Grand-Duc awer nach op der 200. Sovereign’s Parade organiséiert vun der Royal Military Academy Sandhurst (RMAS), dat a Presenz vum Kinnek Charles III an dem Kinnek Abdallah II.

Den 20. Abrëll war den ziville Mariage vun der Prinzessin Alexandra mam Nicolas Bagory. Wéi "frou a verléift" si op hirem éischten Hochzäitsdag waren, kann een hei nokucken.

RTL

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

Den 29. Abrëll war déi reliéis Hochzäit vun der Prinzessin Alexandra an hirem Mann Nicolas Bagory an der Kierch St. Trophyme am südfranséische Bormes-les-Mimosas. D'Hochzäit an de grousse Magazin-Reportage kënnt Dir hei nach emol Revue passéiere loossen.

RTL

© Collection privée de LL.AA.RR. le Grand-Duc et la Grande-Duchesse de Luxembourg

Mee

Den 10. Mee huet de Prënz Charles seng dräi Joer gefeiert. De Prënz Charles Jean Philippe Joseph Marie Guillaume ass dat éischt Kand vun der Ierfgroussherzoglecher Koppel an den Zweeten an der Trounfolleg.

RTL

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmy

Wat wier en Ofschloss vun der Oktav ouni groussherzoglech Famill an natierlech ouni Schlusspressessioun.

E ganz markanten Datum dëst Joer am Mee war d'Kréinung vum neie brittesche Kinnek de 6. Mee an der Abbey Westminster. Do ware fir Lëtzebuerg de Grand-Duc a seng Fra invitéiert.

100 Joer Gëlle Fra huet et de 27. Mee geheescht. An deem Kader huet de Grand-Duc zesumme mam Ex-Chamberpresident Fernand Etgen, dem fréiere Premier Xavier Bettel souwéi der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer, dem Generol Steve Thull an dem Policedirekter Pascal Peters e Blummekranz beim Gedenkmonument vum Claus Cito néiergeluecht.

E Rendez-vous, dee sech de Grand-Duc definitiv net entgoe léisst, sinn d'Spiller vun de klenge Länner. Och op Malta huet hien et sech net huele gelooss, den Athleten héchstperséinlech d'Hand ze ginn, fir si ze begléckwënschen. Ëmmerhin huet Lëtzebuerg 17 Medaile mat Heem bruecht: 3 Mol Gold, 6 Mol Sëlwer an 8 Mol Bronze.

Juni

De klenge Prënz Charles war op Besuch an engem Altersheem zu Diddeleng.

RTL

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmy

Den 3. Juni stoung net de Prënz Charles am Mëttelpunkt, do hat säi klenge Bridderchen, de Prënz François, d'Haaptroll. Op deem Samschdeg ass dat zweet Kand vun der Ierfgroussherzoglecher Famill zu Fëschbech gedeeft ginn.

RTL

© Image by  Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

De 6. Juni huet mam Prënz Félix e weidere Member vun der groussherzoglecher Famill Gebuertsdag. Hie krut deen Dag 39 Joer.

De Juni ass allgemeng e gutt chargéierte Mount fir d'Famill grand-ducale. Do lafen net just d'Preparatioune fir Nationalfeierdag op Héichtouren, och um Virowend an um Dag selwer ass eng jett lass an eisem Ländchen. Hei e klengen Historique a Form vu Biller:

Den Ofschloss vum Summermount mécht d'Gaarden Party op Schlass Bierg, wou déi groussherzoglech an déi ierfgroussherzoglech Koppel d'Forces vives vun der Natioun invitéieren.

Am Juni war awer och eng Ekipp vum Magazin beim Prënz Félix a senger Fra, der Prinzessin Claire op Besuch am Domaine Viticole an der Provence, wou d'Koppel Wäi produzéiert.

Juli

Déi nei Verfassung gouf ënnerschriwwen an ass den 1. Juli a Kraaft getrueden. Och ee vun eise Fotografe war op der Plaz.

Den 10. Juli gouf héije Besuch aus dem Ausland erwaart. De Bundespresident Frank-Walter Steinmeier war, a Begleedung vu senger Fra Elke Büdenbender, op offizieller Visitt zu Lëtzebuerg. Hie gouf am Kader vun enger traditioneller offizieller Zeremonie am Palais begréisst.

RTL

© Maison du Grand-Duc

Hien ass kee President, huet sech awer schonn emol eng Kroun opgesat. Nach eng aner Perséinlechkeet war am Juli op Besuch am Grand-Duché. Den 12. Juli huet de Robbie Williams eis wärend zwee Deeg op engem Open-Air-Concert um Parking virun der Luxexpo "entertaint". Do geet dann och schonn eng groussherzoglech Famill op e Meet and Greet.

Den 13. Juli gouf et eng erfreelech Nouvelle vum Haff. Den Haffmarschall huet matgedeelt, dass de Prënz Félix a seng Fra Claire hiert drëtt Kand erwaarden.

August

Den 3. August huet de Prënz Louis Gebuertsdag. Hien ass dat drëtt Kand vun der groussherzoglecher Koppel.

Dono war et méi roueg ëm d'groussherzoglech Famill, well och si hir Summervakanz zu Cabasson, an hirem Summersëtz verbruecht huet.

September

Mol eppes anescht, de Grand-Duc als Marvel-Superheld. Kreéiert vu letz.ai.

RTL

© Image by  letz.ai / Facebook

Kuerz no der Schoulrentrée huet d'Maison du Grand-Duc eng Versioun vun hirem Site Monarchie.lu lancéiert. Den neie Site kids.monarchie.lu hëlt d'Kanner mat op eng virtuell Rees op symbolesch Plaze vun eiser Monarchie.

Vum 17. bis den 20. September war den Ierfgroussherzog op Visitt zu New York, wou hien, a Begleedung vun den do nach Ministere Jean Asselborn, Franz Fayot a Joëlle Welfring, ënner anerem um SDG-Sommet an op der UN-Generalversammlung dobäi war.

Am Kader vun der Visitt war den Ierfgroussherzog Guillaume awer och nach bei den US-President Joe Biden a seng Fra Jill Biden invitéiert.

Enn September huet de Grand-Duc 35 Studente begleet, déi d'glécklech Gewënner vum Opruff "Astronaut for a Day" vun der LSA, der Luxembourg Space Agency, waren. Si duerfte bei engem Parabelfluch, och nach "Zero Gravity" dobäi sinn. De Grand-Duc ass zwar net matgeflunn, huet sech awer alles genee erkläre gelooss.

RTL

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

Oktober

Den 8. Oktober waren hei am Land Chamberwalen an och eng groussherzoglech Famill huet misse wiele goen. Bei guddem Wieder sinn d'ierfgroussherzoglech Koppel, zesumme mat der Prinzessin Alexandra an dem Prënz Sébastien an de Walbüro "Ratskeller" am Stater Cercle getrëppelt.

RTL

© Maison du Grand-Duc

No de Parlamentswalen huet de Grand-Duc de Xavier Bettel an Audienz empfaangen, deen him de Récktrëtt vun der Regierung agereecht huet.

Een Dag méi spéit, den 9. Oktober also, huet de Grand-Duc de Luc Frieden empfaangen, fir iwwert den Avancement vun de Verhandlungen am Kader vun der Formatioun vun der neier Regierung informéiert ze ginn.

De 15. Oktober ass den Nationale Commemoratiounsdag an do gëtt an enger Rei Zeremonien den Affer vun der Nazi-Occupatioun zu Lëtzebuerg vun 1940 bis 1945 geduecht. De ganzen Dag iwwer ware Feierlechkeeten, ugefaange mat enger Zeremonie um Kanounenhiwwel e Sonndeg de Moien a Presenz vum Grand-Duc Henri, de fréiere Ministere Fernand Etgen, Xavier Bettel a François Bausch, souwéi der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer, dem Chef d'Etat-Major vun der Arméi Steve Thull an dem Generaldirekter vun der Police Philippe Schrantz.

RTL

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

De Prënz François hat dëse Mount säin éischten offiziellen Optrëtt. D'Ierfgroussherzoglech Koppel huet zesumme mam Minister Max Hahn d'Fleegeheem "Elysis" am Neiduerf besicht, an huet d'Geleeënheet genotzt, de Bewunner vum Heem hire Jéngste virzestellen.

November

E Rendez-vous, dee besonnesch d'Ierfgroussherzogin sech net entgoe léisst, ass ganz sécher dee vum Salon du CAL. 47 Kënschtlerinnen a Kënschtler hunn dëst Joer do ausgestallt.

E weidere Rendez-vous am Konschtberäich war awer och d'Luxembourg Art Week, ee vun de kulturellen Highlighte vum Joer. Den 10. November war d'Grande-Duchesse a Begleedung vun der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer um traditionelle Vernissage.

Den 11. November huet den Ierfgroussherzog Guillaume 42 Joer kritt. Iwwregens gouf hien den 18. Dezember 2000 offiziell zum Ierfgroussherzog ernannt.

Op deem selwechten Dag gouf awer och déi 10. Editioun vum Lëtzebuerger Filmpräis lancéiert. De Grand-Duc a seng Fra konnt een do um rouden Teppech bewonneren. Ma et war net just eng ronn Editioun, de Lëtzebuerger Filmpräis, organiséiert am Groussen Theater, huet säin 20. Anniversaire gefeiert.

De 17. November krut Lëtzebuerg eng nei Regierung an déi nei Ministere goufe vereedegt. Deen Dag war och déi traditionell Passation des pouvoirs, wou déi nei Leit dann de symbolesche Schlëssel vun hire Virgänger iwwerreecht kruten.

Wou een eis Grande-Duchesse och ëmmer nees all Joer erbléckst, ass um Bazar vum Roude Kräiz an op der 77. Editioun war d'Wuel vun de Kanner an alle Hisiichte grouss geschriwwen.

Mir bleiwen dann awer mol nach am Beräich vun der Kultur. Den 22. war dann nach ee kulturell wichtege Rendez-vous an eisem Ländchen, d'Ausstellung "De Mains de Maîtres", enger Initiativ vun der ierfgroussherzoglecher Koppel, déi d'Konschthandwierk soll promouvéieren. Am Ganze waren dëst Joer 76 Lëtzebuerger Kënschtler dobäi, bal d'Hallschent fir déi éischte Kéier.

RTL

© Emile Mentz / RTL

D'ierfgroussherzoglech Famill ass Enn November da wuel sou richteg a Chrëschtdagsstëmmung komm, dat um "Winter Wonderland" organiséiert vun der Fondation Kräizbierg zu Diddeleng.

Dezember

Direkt um 1. Dezember hat d'Grande-Duchesse e Rendez-vous am Palais organiséiert. Deen Dag huet de jonke Kënschtler Julien Hübsch fir seng Wierker "My Motocylce" de Prix Grand-Duc Adolphe 2023 entgéintgeholl.

En aneren Datum, deen awer weltwäit am Fokus stoung, war d'COP28. 197 Länner hu sech an deem Kader tëscht dem 30. November an 12. Dezember zu Dubai versammelt, de Grand-Duc hat bei der Ouverture d'Wuert ergraff an drop higewisen, wéi wichtegt eist Klima ass:
"Mat 220 Milliounen Euro verdeelt op 5 Joer, déi haaptsächlech fir vulnerabel Länner bestëmmt sinn, leescht Lëtzebuerg e verhältnisméisseg grousse Bäitrag zur internationaler Finanzéierung am Kampf géint de Klimawandel".

RTL

© COP28 / Neville Hopwood

Kuerz nodeems de Kleesche bei ville Kanner passéiert ass, stoung dann nach méi e labbere Rendez-vous un, do hat d'Grande-Duchesse Besuch vu jonke Schüler kritt. Dräi Gruppen aus ënnerschiddlechen Strukturen hate sech ugemellt, am Palais war deemno mol méi lass wéi gewinnt.

RTL

© Maison du Grand-Duc

Ganz traditionell gëtt et nach emol um Enn vum Joer. Wéi gewinnt hält de Grand-Duc de 24. Dezember seng Chrëschtdagsried, déi mir och live op eise Plattformen iwwerdroen hunn.