Wéi et schéngt, war am Mäerz e “Zombie Response Team” op der Schwedescher Grenz ugehale ginn.

Vill Leit schéngen dat Gefill ze hunn, datt d’Coronavirus-Pandemie en Zeeche fir d’Enn vun der Welt, wéi mir se kennen, ass. Mä kann een dat wierklech mat enger Post-Apokalyptescher Zombie-Welt vergläichen?

Wat wier, wann d’Zombië scho laang géifen ënnert eis Liewen a mir hätten et just nach net gemierkt? D’Liv Moore, eng Medezinsstudentin, erwächt no enger Bootsparty bei där d’Boot explodéiert ass, net mat engem décke Kapp, mä ouni Bols. Ausserdeem glëscht si op mënschlecht Gehier.

Fir un dës ze kommen a fir, datt kee mierkt, datt si en Zombie ass, brécht se hir Studien of a fänkt un an der Morgue ze schaffen.

All Kéiers, wa se d’Gehier vun enger Persoun ësst, gesäit se Erënnerungen aus där hirem Liewen a wéi se gestuerwen ass, wouduerch et méiglech gëtt, hiren Dout opzeklären. Allerdéngs iwwerhëlt se domat och deem Doudege seng Perséinlechkeet, wat zou enger Rei witzege Situatioune féiert.

“iZombie” ass e Krimi an eng Komedie an engems, bei där an all Episod en neie Fall opgekläert gëtt, mat engem neie Gehier, versteet sech, iwwerdeems d’Liv muss léieren, eens ze gi mat hirem Zoustand, d’Zombie-Populatioun kleng ze halen an d’Zombie-Apokalypse ze vermeiden.

iZombie ass disponibel op Netflix.

D'Deeler aus "Zombie Shows"

D'Deeler aus "Science Fiction Serien"

D'Deeler aus "Fantasy Serien"

D'Deeler aus "Weiblech Actionhelden"

D'Deeler aus "Romantesch Serien"

D'Deeler aus "Serien aus der gudder aler Zäit

D'Deeler aus "Serië fir e Marathon"

D'Deeler aus "Serien aus anere Kulturen"