Zombie Shows (3)iZombie (Netflix)

RTL Lëtzebuerg
Wéi et schéngt, war am Mäerz e “Zombie Response Team” op der Schwedescher Grenz ugehale ginn.

Vill Leit schéngen dat Gefill ze hunn, datt d’Coronavirus-Pandemie en Zeeche fir d’Enn vun der Welt, wéi mir se kennen, ass. Mä kann een dat wierklech mat enger Post-Apokalyptescher Zombie-Welt vergläichen?

Wat wier, wann d’Zombië scho laang géifen ënnert eis Liewen a mir hätten et just nach net gemierkt? D’Liv Moore, eng Medezinsstudentin, erwächt no enger Bootsparty bei där d’Boot explodéiert ass, net mat engem décke Kapp, mä ouni Bols. Ausserdeem glëscht si op mënschlecht Gehier.

Fir un dës ze kommen a fir, datt kee mierkt, datt si en Zombie ass, brécht se hir Studien of a fänkt un an der Morgue ze schaffen.

All Kéiers, wa se d’Gehier vun enger Persoun ësst, gesäit se Erënnerungen aus där hirem Liewen a wéi se gestuerwen ass, wouduerch et méiglech gëtt, hiren Dout opzeklären. Allerdéngs iwwerhëlt se domat och deem Doudege seng Perséinlechkeet, wat zou enger Rei witzege Situatioune féiert.

“iZombie” ass e Krimi an eng Komedie an engems, bei där an all Episod en neie Fall opgekläert gëtt, mat engem neie Gehier, versteet sech, iwwerdeems d’Liv muss léieren, eens ze gi mat hirem Zoustand, d’Zombie-Populatioun kleng ze halen an d’Zombie-Apokalypse ze vermeiden.

iZombie ass disponibel op Netflix.

D’Deeler aus “Zombie Shows”

Deel 1: Fear the Walking Dead op AmazonDeel 2: Black Summer op Netflix

D’Deeler aus “Science Fiction Serien”

Deel 1: Orphan Black op NetflixDeel 2: Sense8 op NetflixDeel 3: The Man in the high Castle op Amazon

Deel 4: Travelers op Netflix

Deel 5: Altered Carbon op Netflix

D’Deeler aus “Fantasy Serien”

Deel 1: Good Omens op AmazonDeel 2: Diablero op NetflixDeel 3: Carnival Row op AmazonDeel 4: The Witcher op NetflixDeel 5: Emerald City op Amazon

D’Deeler aus “Weiblech Actionhelden”

Deel 1: Absentia op AmazonDeel 2: Killing Eve op Apple +Deel 3: The Fall op NetflixDeel 4: Queen of the south op NetflixDeel 5: Homeland op Amazon

D’Deeler aus “Romantesch Serien”

Deel 1: Most Beautiful Thing op Netflix

Deel 2: Gran Hotel op NetflixDeel 3: Outlander op Netflix

Deel 4: Spinning Out op Netflix

Deel 5: Home for Christmas op Netflix

D’Deeler aus “Serien aus der gudder aler Zäit

Deel 1: The Alienist op NetflixDeel 2: Las Chicas del Cable op NetflixDeel 3: Mad Men op NetflixDeel 4: Brigada Costa del Sol op Netflix

Deel 5: The Americans op Netflix an Amazon

D’Deeler aus “Serië fir e Marathon”

Deel 1: Supernatural op AmazonDeel 2: The good Wife op AmazonDeel 3: Shameless op AmazonDeel 4: House M.D. op AmazonDeel 5: Star Trek: The Next Generation op Netflix

D’Deeler aus “Serien aus anere Kulturen”

Deel 1: Südafrika: Queen Sono op NetflixDeel 2: Tierkei: The Protector op NetflixDeel 3: Israel: Beauty and the Baker op AmazonDeel 4: Indien: Made in Heaven op AmazonDeel 5: Korea: Vagabond op Netflix

Back to Top
CIM LOGO